Donieft huet den Henrik Kristoffersen sech beim Riseslalom vun den Häre behaapt an d'Damme vun Norwegen hunn d'WM am Schisprange gewonnen.

Am Schi Alpin gouf et bei der Descente zu Kvitfjell an Norwegen eng sensationell Victoire fir d'Emma Aicher aus Däitschland. Déi jonk Schileeferin huet sech mat enger Zäit vun 1:31.69 Minutte knapp virun der US-Amerikanerin Lauren Macuga an der Éisträicherin Cornelia Hütter duerchgesat a konnt esou hiren éischte Weltcup-Succès feieren.

Bei den Hären huet den Henrik Kristoffersen sech zu Kranjska Gora a Slowenien déi éischt Plaz am Riseslalom geséchert. Den Norweger huet sech mat enger däitlecher Avance vun 41 Honnertstel op de Brasilianer Lucas Pinheiro Braathen a vun 52 Honnertstel op de Marco Odermatt aus der Schwäiz behaapt.

Am Schisprange steet dës Woch an Norwegen d'Weltmeeschterschaft um Programm. No der souveräner Victoire am Eenzel vun der Favoritin Nika Prevc e Freideg war e Samschdeg d'Team-Competitioun bei den Dammen. Hei konnten d'Norwegerinne sech d'Victoire virun Éisträich an Däitschland sécheren.