Patrizia van der Weken: "Sinn op der europäescher Lëscht relativ vir mat bäi"
D’Patrizia van der Weken gouf beim World Indoor Tour Gold zu Madrid iwwer 60 Meter dat éischt. Dat mat engem exzellente Chrono vu 7,09 Sekonnen.
D’Patrizia van der Weken schwieft op enger Wollek. Viru Madrid, hat d’Sportlerin vum Joer déi 4 Coursë gewonnen, un deene si wärend der Indoorssaison deelgeholl hat.
E Freideg Owend, koum nach eng Victoire zu Madrid um Gold Meeting, derbäi. No 7 Sekonnen an 9 Honnertstel hat d’Studenteweltmeeschterin, déi 60 Meter zréckgeluecht. Mat dëser Victoire gewënnt d’Patrizia an der Weken och nach de Circuit World indoor Tour.
Hiren Trainer, den Arnaud Stark ass jiddwerfals zefridde mat der Leeschtung vu senger Athletin.
Op der Indoorseuropameeschterschft zu Apeldoorn an Holland an enger Woch gehéiert déi 28 Joer al Athletin deemno zum enke Favorittekrees. Eng europäesch Medail an der Kinneksdisziplin vun der Liichtathletik, do géif dach méi wéi een sech driwwer freeën.