Magaly Meynadier steet mat Saarlouis an der Coupefinall an Däitschland

© AFP
Um Samschdeg huet sech d'Lëtzebuerg Nationalspillerin mat de Saarlouis Royals fir d'Coupefinall qualifizéiert, déi um Sonndeg gespillt gëtt.
D'Magaly Meynadier an d'Saarlouis Royals stinn no enger fulminanter zweeter Hallschecht an der Coupefinall an Däitschland. Um Samschdeg konnt sech Saarlouis an der Halleffinall vum "Final Four" zu Berlin mat 72:67 géint d'Lokalekipp Alba Berlin duerchsetzen. Dobäi louch Saarlouis an der Paus 23:40 am Réckstand. Mat 5 Punkten a 6 Rebounds konnt d'Lëtzebuergerin a ronn 27 Minutte Spillzäit hire Bäitrag zur Victoire leeschten.
An der Finall, déi e Sonndeg géint 16.00 Auer gespillt gëtt, trëfft Saarlouis op Keltern. Déi hu sech um Samschdeg den Owend an der anerer Halleffinall géint Nördlingen behaapt.