Futtball
Gerson Rodrigues wéinst Blessur ausgewiesselt

© Val Wagner (Archiv)
A knapp dräi Woche spillt d'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp heiheem géint Schweden an e puer Deeg drop auswäerts an der Schwäiz.
Ob den Gerson Rodrigues kann dobäi sinn, muss een ofwaarden. De Lëtzebuerger Rekord-Buteur war e Sonndeg am portugisesche Championnat no 57 Minutten agewiesselt ginn, huet awer schonns 20 Minutten drop wéinst muskuläre Probleemer nees missten ausgewiesselt ginn. Bis elo steet nach net fest wéi seriö d‘Blessur ass.
AVS huet de Match iwweregens 1:0 zu Farense gewonnen.
Am meeschte gelies