Progrès Nidderkuer a Jeff Strasser gi getrennte Weeër

Archivbild
Dat huet de Veräin aus der BGL Ligue en Dënschdegowend an engem Communiqué matgedeelt.
Et hätt ee gemeinsam decidéiert, datt en Enn vun der Zesummenaarbecht am Interessi vu béide Säite wier, sou de Progrès a sengem Schreiwes. Weider gouf dem Jeff Strasser Merci gesot fir seng Professionalitéit, säin Engagement a seng Succèse mam Veräin. An der Saison 2022/23 ass de Progrès ënnert dem Jeff Strasser mat 70 Punkte Vizemeeschter ginn, an der Saison 2023/24 konnt een d'Coupe gewannen.
Den 98-fache fréiere Lëtzebuerger Futtballnationalspiller hat Nidderkuer am Juni 2022 als Cheftrainer iwwerholl. Aktuell steet de Progrès mat 33 Punkten op der 6. Plaz vum nationale Championnat.
E Mëttwoch huet de Progrès Nidderkuer da matgedeelt, datt ee bis Enn vun der Saison mat engem Staff Technique vu véier Leit géif weiderfueren. De Samuel Scholer an de Vivian Reydel ware fir d‘lescht als Co-Trainer beim Progrès aktiv. De Felipe Machado an den Thomas Tayebi bleiwen an hire Rolle vum Golkipptrainer, respektiv vum Preparateur physique. Et hätt ee sech fir de Rescht vun der Saison op dës intern Léisung gëeenegt.