Am Kader vun der Champions League stoungen en Dënschdegowend déi éischte Matcher an der Aachtelsfinall um Programm. Hei koum et direkt zum engem Derby.

Am Stad-Derby vu Madrid ginn dem Real 10 staark Minutten, an deene si jeeweils ee Gol geschoss hunn, am Ufank vun all Hallschent duer, fir de Match um Enn fir sech ze entscheeden. Den Atletico huet sech géint eng gutt gestaffelt Defense vum Real iwwert wäit Strecke vum Match schwéier gedoen, soudatt sech d'Gäscht wéineg Chancen erausspille konnten a si sech um Enn mat 1:2 géint de Real musse geschloe ginn.

Iwwerdeems konnt sech Aston Villa mat 3:1 an der Belsch zu Brügge behaapten. An engem ausgeglachene Match huet et eng laang Zäit dono ausgesinn, wéi wa sech béid Formatioune mat engem 1:1 trenne géingen, mä an der Schlussphas konnten d'Englänner nach zwee Mol äiskal zouschloen. D'Männer vu Birmingham hu sech domadder an eng exzellent Ausgangspositioun fir de Réckmatch e Mëttwoch an enger Woch gespillt.

Dortmund kënnt mam neien Trainer Kovac net iwwert en 1:1-Gläichspill géint den Tabellefënneften aus Frankräich vu Lille eraus. Mat dësem Resultat kënnen déi Dortmunder um Enn nach zefridde sinn, esou waren d'Fransousen iwwert wäit Strecke vum Match kloer déi besser Ekipp. Deemno ass fir de Réckmatch nach alles dran a béid Ekippe kënne sech Hoffnungen op e Weiderkomme maachen.

Am leschte Match vum Owend hunn d'Gunners kuerze Prozess mat den Hollänner vun Eindhoven gemaach. Kloer an däitlech gewënnt den FC Arsenal mat 7:1 um PSV Eindhoven, soudatt d'Hollänner kuerz virum Aus an d'Englänner kuerz virun de Véierelsfinalle stinn. Dëse Réckstand am Réckmatch opzehuelen dierft nämlech fir d'Männer vun Eindhoven zu enger Herkulesaufgab ginn.

Weider Detailer zu de Matcher

Real Madrid - Atletico Madrid 2:1
1:0 Rodrygo (4'), 1:1 Alvarez (32'), 2:1 Brahim Diaz (55')

Am Stad-Derby vu Madrid tëscht dem Real an dem Atletico huet d'Lokalekipp mat voller Vitess ugefaangen. Schonn no véier Minutte konnt si sech fir hir Méien an hire couragéierten Optrëtt belounen. Et war de Rodrygo, deen no enger herrlecher Viraarbecht vum Valverde, de Ball zum 1:0 am Gol ënnerbrénge konnt. Zu deem Ament waren d'Gäscht wuel nach an de Kabinnen, well och am weidere Verlaf vun der Ufanksphas huet nëmmen eng Ekipp gespillt. Den Atletico ass ferm geschwommen, de Real dogéint huet ee Schoss nom aneren a Richtung Oblak am Gol vum Atletico lassgelooss. In Extremis konnten d'Defenseure vum Atletico all Schoss entschäerfen, soss hätt d'Lokalekipp no 20 Minutte mat e puer Goler méi a Féierung kéinte goen. Vun der 20. Minutt un ass den Atletico awer du besser an de Match komm, ouni sech dobäi kloer Golchancen erauszespillen. Réischt an der 27. Minutt ass en Hauch vu Gefor opkomm. Dëst nodeems de Simeone eng Flank op de Samuel Lino geschloen huet, déi de Brasilianer op Säite vum Atletico knapps verpasst huet. Mä den Atletico sollt awer kuerz drop mam éischte kadréierte Schoss ausgläichen. Den Alvarez ass an der 32. Minutt vun der lénker Säit an d'Mëtt gedribbelt an huet de Ball mat engem sate Schoss an de Wénkel gedréint. No dësem schéine Gol ass op béide Säiten net méi vill geschitt, soudatt den Arbitter béid Formatioune pünktlech no 45 Minutte mat 1:1 op den Téi geschéckt huet.

Nom Téi war et nees de Real, deen déi éischt Akzenter setzen a sech dofir och erëm beloune konnt. An der 55. Minutt war et de Brahim Diaz, deen de Score no enger gudder Aktioun op 2:1 gesat huet. Allerdéngs konnt de Real an dëser Situatioun vun engem Feeler an der Defense vum Atletico profitéieren, déi bei dësem Géigegol net gutt ausgesinn an d'Situatioun verschlof huet. Doropshin ass vu béiden Ekippe wéineg komm, mä virun allem den Atletico ass villes schëlleg bliwwen. Just de Griezmann huet eng Kéier e Schoss a Richtung Courtois lassgelooss, mä de Fransous konnt de Belsch am Gol vum Real domadder net iwwerraschen, soudatt dësen de Ball entschäerfe konnt. De Real huet doropshin de Match geréiert an de Schong propper erofgespillt, soudatt hannen näischt méi ugebrannt ass. Dëst well den Atletico awer och ni esou richteg Drock op de Real ausübe konnt. Um Enn setzt sech de Real verdéngt mat 2:1 géint den Atletico duerch. D'Gäscht musse sech iwwert déi ganz 90 Minutte virgeheien, fir net genuch an de Match investéiert ze hunn, soudatt si elo mat engem liichten Desavantage an de Réckmatch an enger Woch ginn.

D'Goler vum Match Real géint Atletico mat Live-Kommentar
Ganzer dräi Goler sollten d'Spectateuren zu Madrid ze gesi kréien

Club Brügge - Aston Villa 1:3
0:1 Bailey (3'), 1:1 de Cuyper (12'), 1:2 Mechele (82', Eegegol), 1:3 Asensio (88', Eelefmeter)

De Resumé vum Match Club Brügge géint Aston Villa
No ausgeglachenen 90 Minutte kënne sech d'Englänner mat 3:1 géint d'Belsch behaapten

Borussia Dortmund - OSC Lille 1:1
1:0 Adeyemi (22'), 1:1 Haraldsson (68')

De Resumé vum Match Dortmund géint Lille
Am Signal Iduna Park gouf et en Dënschdegowend kee Gewënner. Béid Formatiounen trenne sech mat engem 1:1-Remis

PSV Eindhoven - FC Arsenal 1:7
0:1 Timber (18'), 0:2 Nwaneri (21'), 0:3 Merino (31'), 1:3 Lang (43', Eelefmeter), 1:4 Ödegaard (47'), 1:5 Trossard (48'), 1:6 Ödegaard (73'), 1:7 Calafiori (85')

De Resumé vum Match PSV Eindhoven géint den FC Arsenal
Arsenal léisst den Hollänner keng Chance a setzt sech kloer an däitlech mat 7:1 zu Eindhoven duerch

All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Tabell, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.