Bayern léisst Bayer keng Chance, Benfica mam Barreiro verléiert géint Barca

© AFP
E Mëttwoch den Owend war et d'Suite vun den Allersmatcher an den Aachtelsfinalle vun der Futtball-Champions-League.
Fir Leverkusen war et een Owend fir ze vergiessen. Den däitsche Champion huet sech misse mat 0:3 bei Bayern München geschloe ginn. D'Ekipp vum Alonso hat de Bayern net wierklech vill entgéint ze setzen. An der Paus louch ee verdéngt mat 0:1 hannen an nom Téi ass et hinnen och net gelongen, de Match nach emol ze dréinen. Hei huet de Golkipp Kovar den 2:0 verschëllt, de Mukiele huet Giel-Rout gesinn an den Tapsoba huet een Eelefmeter verschëllt, deen de Kane zum 3:0-Schlussresultat verwandelt huet.
Barcelona konnt sech an Ënnerzuel mat 1:0 bei Benfica Lissabon mam Leandro Barreiro duerchsetzen. De Silva hat am Spillopbau e Feelpass genau an d'Féiss vum Raphinha gespillt. Deen hat am Zentrum vill Plaz an huet aus 20 Meter verwandelt. Barca war vun der 22. Minutt un an Ënnerzuel, dat no enger rouder Kaart vum Cubarsi.
De Leandro Barreiro stoung an der Startformatioun a gouf an der 70. Minutt ausgewiesselt.

© FILIPE AMORIM AFP
Liverpool war de komplette Match déi méi schlecht Ekipp, ma huet den Allersmatch géint de PSG nawell mat 1:0 gewonnen. De franséische Champion ass ëmmer nees um Alisson gescheitert, op der anerer Säit huet den Joker Elliott direkt gezünt an de Reds d'Victoire geséchert. Den Elliott war nach keng Minutt um Terrain, wéi en an der 87. Minutt den decisive Gol geschoss huet.
Inter Mailand huet dem fréieren Top-Stiermer Robin van Persie seng Première an der Kinneksklass als Trainer verduerwen. Den italieenesche Champion huet den Allersmatch bei Feyenoord zu Rotterdam mat 2:0 gewonnen a sech esou an eng gutt Ausgangslag fir den zweeten Duell d'nächst Woch bruecht. De Gewënner vum Duell kritt et an de Véierelsfinalle mat Bayern München oder Bayer Leverkusen ze dinn.
Weider Detailer zu de Matcher
Bayern München - Bayer Leverkusen 3:0
1:0 Kane (9'), 2:0 Musiala (52'), 3:0 Kane (75', Eelefmeter)
An engem Match mat wéineg Spillfloss an awer engem extrem héijen Tempo louchen d'Bayern no den éischte 45 Minutte verdéngt mat 1:0 a Féierung. D'Lokalekipp huet vun Ufank un een héije Pressing gespillt an esou ass no enger éischter gudder Chance an der 6. Minutt duerch de Goretzka an der 9. Minutt den 1:0 gefall. No enger Flank vum Olise an de Strofraum huet de Kane mam Kapp de Ball zum 1:0 fir d'Bayern an de Filet gesat. An der 13. Minutt konnt Leverkusen bal e Feeler vun der géignerescher Defense notzen, fir auszegläichen. Den Upamecano wollt am Strofraum e Pass op den Neuer maachen. De Frimpong ass allerdéngs dertëscht gaangen an ass eleng virum däitsche Golkipp opgetaucht, deen de Schoss nach mat der Schëller zum Corner deviéiere konnt. Dat sollt déi eenzeg richteg geféierlech Aktioun vu Bayer an den éischte 45 Minutte sinn. Op Säite vun de Bayern gouf an der 22. Minutt nach emol ganz geféierlech. Hei huet d'Lat e weidere Gol verhënnert. No engem Corner vum Kimmich ass de Musiala aus kuerzer Distanz zum Kappball komm. Vun der Lat ass dat ronnt Lieder allerdéngs an den Aus gaangen.
Nom Téi si béid Formatiounen onverännert op den Terrain komm. Leverkusen huet probéiert, fir méi héich ze stoen an esou dem Pressing vum Géigner meeschter ze ginn. Ma schonn no 10 Minutte gouf et e weidere Réckschlag fir d'Ekipp vum Alonso. No enger Flank vum Kimmich an de Fënnefmeterraum ass dem Kovar de Ball duerch d'Fangere gaangen. De Musiala huet am séierste reagéiert an de Ball zum 2:0 iwwer d'Linn gedréckt. Nach virum Gol hat sech de Golkipp op der anerer Säit blesséiert. Den Neuer huet missen duerch de Jonas Urbig ersat ginn. Deen ass domat zu sengem éischten Asaz fir den FCB komm. Fir Leverkusen sollt et nach méi déck kommen. No enger giel-rouder Kaart fir de Mukiele waren d'Gäscht vun der 62. Minutt un an Ënnerzuel. An der 75. Minutt huet den Arbitter no engem Halen am Strofraum vum Tapsoba um Kane verdéngterweis op de Punkt gewisen. De Kane huet sech déi Chance net huele gelooss an op 3:0 gesat. Dat sollt och d'Schlussresultat sinn.
Benfica Lissabon - FC Barcelona 0:1
0:1 Raphinha (61')
Paris Saint-Germain - Liverpool 0:1
0:1 Elliott (87')
Feyenoord - Inter Mailand 0:2
0:1 Thuram (38'), 0:2 Martinez (50')
All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.