Frankfurt dréint Match géint Ajax

© AFP
En Donneschdeg den Owend sinn an der Europa League d'Allersmatcher vun den Aachtelsfinalle gespillt ginn.
Eintracht Frankfurt ass et gelongen, fir de Match géint Ajax Amsterdam ze dréinen a sech mat 2:1 ze behaapten. Duerch d'Victoire an Holland hu sech déi Frankfurter an eng gutt Ausgangspositioun fir de Retourmatch déi nächst Woch bruecht. Ajax war schonn no 10. Minutten duerch de Bobbey a Féierung gaangen. An der 28. Minutt konnt de Larsson fir d'Gäscht ausgläichen, ier de Skhiri an der 70. Minutt fir d'2:1-Victoire gesuergt huet.
Manchester United huet am Allersmatch eng Féierung verspillt. Beim 1:1 zu San Sebastian haten d'Red Devils nom Ausgläich vum Oyarzabal per Eelefmeter souguer nach Gléck, fir net ze verléieren. Den Zirkzee hat d'Gäscht an der 57. Minutt a Féierung bruecht.
Och fir Tottenham ass et en Donneschdeg net gutt gelaf. Duerch e Selbstgol vum Bergvall an der 18. Minutt huet ee mat 0:1 zu Alkmaar an Holland verluer.
Fir d'AS Roum a Lazio Roum gouf et jeeweils eng 2:1-Victoire. AS Roum huet an Iwwerzuel géint Bilbao gewonnen a Lazio war trotz duebeler Ënnerzuel auswäerts Victoria Pilsen iwwerleeën.