PSG huet sech no Eelefmeterschéisse géint Liverpool behaapt an ass en Tour weider. Den Out war et dogéint fir de Leandro Berreiro mat Benfica.

Um Dënschdegowend stoungen déi éischt Retourmatcher vun der 1/8-Finall an der Champions League um Programm.

No der knapper 0:1-Defaite am Allersmatch huet de PSG zu Liverpool missen alles ginn, fir de Retard opzehuelen. No enger animéierter Ufanksphas huet den Dembélé seng Faarwen a Féierung bruecht. Obwuel Liverpool gedréckt huet, sollt kee weidere Gol falen, esou datt de Match an d'Verlängerung an dono an d'Eelefmeterschéisse gaangen ass. Schlussendlech konnt sech Paräis fir déi nächst Ronn qualifizéieren. Den Donnarumma hat zweemol paréiert a war de Mann vum Match.

Donieft ass och Bayern München en Tour weiderkomm. Zu Leverkusen gouf et eng 2:0-Victoire. Den 3:0-Avantage aus dem Allersmatch war net a Gefor.

De Géigner vun de Münchner an der 1/4-Finall heescht Inter Mailand. D'Italieener hate nom 2:0-Succès zu Rotterdam och am Retourmatch keng Problemer fir sech mat 2:1 géint Feyenoord duerchzesetzen.

Am fréien Owend konnt sech Barcelona souverän fir d'Véierelsfinallen qualifizéieren. D'Ekipp vum Hansi Flick huet sech mat 3:1 géint Benfica behaapt, nodeems een den Allersmatch schonns mat 1:0 gewonnen hat. De Leandro Barreiro gouf an der 70. Minutt agewiesselt, konnt den Out awer net méi evitéieren. No der Partie war de Lëtzebuerger Mëttelfeldspiller natierlech enttäuscht: "Mir hate Schwieregkeeten de Géigner offensiv an defensiv an de Grëff ze kréien an d'Resultat schwätzt fir sech", esou de Barreiro.

Weider Detailer zu de Matcher

Liverpool - PSG 1:4 (no Eelefmeterschéissen) 
0:1 Dembélé (12')

D'Partie ass direkt mat vill Tempo lassgaangen a Liverpool war an den éischten 10 Minutten iwwerleeën. No 4 Minutten huet de Mendes e Schoss vum Salah missen a Corner deviéieren. Kuerz drop huet de Salah no engem flotte Solo de Gol knapp net getraff. An der 10. Minutt gouf e Kappball vum van Dijk virun der Linn geblockt.

No der staarker Ufanksphas vu Liverpool ass de PSG eng éischte Kéier virun de Gol komm a goung direkt a Féierung. De Barcola gouf iwwer riets geschéckt, seng Flank gouf vum Konté geblockt, den Dembélé stoung awer richteg, fir de Ball iwwer d'Linn ze drécken.

Den 1:0 fir Paräis
Den Ousmane Dembélé huet d'Fransouse mat 1:0 a Féierung bruecht.

Och nom Gol ass et mat vill Intensitéit weider gaangen a béid Ekippen hate gutt Méiglechkeeten. De Konaté ass um Donnarumma hänke bliwwen (16'). Op der anerer Säit huet den Alisson Becker in extremis e Schoss vum Barcola missen halen.

Liverpool wollt séier den Ausgläich markéieren an huet offensiv alles ginn, de PSG war awer och no Kontere geféierlech. Den Dembélé an de Kvaratskhelia hunn awer Chancen net erakritt. Virun der Paus hu béid Ekippen den Tempo erausgeholl an d'Säite si mam 1:0 fir Paräis gewiesselt ginn.

Liverpool huet an der 2. Hallschent 10 Minutte gebraucht fir nees op Touren ze kommen. No engem Abseitsgol an der 53. Minutt ass d'Heemekipp awer nees méi staark ginn. Den Donnarumma huet an der 58. Minutt eng flott Parad géint de Luis Diaz gewisen. Kuerz drop huet de Kvaratskhelia e Schoss vum Salah virun der Linn geblockt.

D'Gäscht hunn ofgewaart, wärend d'Englänner probéiert hunn, d'Verlängerung ze evitéieren. An der 79. huet den agewiesselte Quansah just de Potto getraff. D'Fransouse si kee Risiko méi agaangen an hu sech an d'Verlängerung gerett.

Do haten d’Gäscht direkt zwou gutt Chancë fir den 2:0 ze markéieren. De Kappball vum Beraldo war net präzis genuch. Kuerz drop huet den Doué knapp laanscht de Gol geschoss. Och nom Säitewiessel waren d’Fransouse besser. Mee och den Dembélé an nach emol den Doué hunn de Ball net am Filet ënnerbruecht. Vu Liverpool war näischt méi ze gesinn an d'Entscheedung huet missen am Eelefmeterschéisse falen. Do konnt den Donnarumma géint den Darwin Nunez an de Curtis Jones paréieren an d'Gäscht hu sech fir d'Véierelsfinall qualifizéiert.

D'Eelefmeterschéissen vun der Partie Liverpool - PSG
Den Donnarumma konnt zwee Eelefmeter paréieren an huet senger Ekipp gehollef, en Tour weider ze kommen.

Barcelona - Benfica 3:1
1:0 Raphinha (11'), 1:1 Otamendi (13'), 2:1 Yamal (27'), 3:1 Raphinha (42')

De Resumé vun der Partie Barcelona - Benfica
D'Spuenier konnten de Retourmatch mat 3:1 gewannen.

Leverkusen - Bayern München 0:2
0:1 Kane (52'), 0:2 Davies (71')

De Resumé vun der Partie Leverkusen - Bayern München
Nom klore Succès am 1. Match huet sech Bayern och an der zweeter Partie duerchgesat.

Inter - Feyenoord 2:1
1:0 Thuram (8'), 1:1 Moder (42', Eelefmeter), 2:1 Calhanoglu (51', Eelefmeter)

De Resumé vun der Partie Inter Mailand géint Feyenoord
D'Italieener konnten nom Allersmatch och de Retourmatch fir sech entscheeden.

All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.