D’nächst Woch fänkt fir déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp dat neit Futtball-Joer un.

Fir den Optakt spillt d’FLF-Formatioun déi éischt zwee vu 4 Frëndschaftsmatcher, déi si virun der WM-Qualifikatioun am September musse spillen. Den 22. Mäerz heescht de Géigner am Stade de Luxembourg Schweden. 3 Deeg drop spillt d’Ekipp vum Luc Holtz dann auswäerts zu St. Gallen géint d‘Schwäiz.
 
Den Donneschdeg de Moien huet den Nationaltrainer säi Kader fir déi zwee Rendez-vouse bekannt ginn. De Mica Pinto gouf wéinst Problemer um Knéi net selektionéiert. De Sébastien Thill ass blesséiert. Säi Brudder Olivier, de Lars Gerson an de Kevin D‘Anzico goufen net zeréckbehalen.
 
No hire Blessure sinn den Yvandro Borges an de Vincent Thill nees mat dobäi. Donieft kënne sech de Vahid Selimovic an och den Eric Veiga iwwert hire Retour an de Krees vun der Nationalekipp freeën. Fir déi éischte Kéier sinn den Enzo De Pina Duarte an den Brian Madjo am Kader.

Bei eise Kolleege vun der Tëlee kënnt Dir bei béide Matcher wéi gewinnt live mat dobäi sinn. Bei der FLF sinn och nach vereenzelt Tickete fir den Heemmatch ze kréien.

De Kader am Iwwerbléck

RTL

© FLF/Facebook