"Dat Grinsen, dat léisst engem d'Häerz opgoen"
Den Yves Logelin ass ee vun den Athleten, déi bei de Special Olympics Wanterspiller zu Turin matgemaach hunn.
Et geet net nëmmen ëm Gold, Sëlwer a Bronze. Fir déi meescht Sportlerinnen a Sportler steet de Spaass am Fokus, dat sot och den Yves Logelin am Interview. Och zesumme mat de Frënn ze sinn, wier en Deel vun de Special Olympics.
De Jérôme Charpentier trainéiert déi Lëtzebuerger, déi beim Schi Alpin mat um Depart stoungen:
"Dat war haut een immens schéint Gefill, virun allem dat ganzt Team, déi ganz Delegatioun an da virun allem d'Athleten unzefeieren. Als Trainer kann ee stolz sinn, dass déi Athlete super Resultater erziilt hunn a mat engem Grinse kënnen heemgoen."
Den Yves wier immens frou an dankbar, dass hie konnt matgoen, déi éischt Plaz wier do net esou wichteg:
"Dat Wichtegst fir hien ass, mat vill Freed a Spaass dobäi gewiescht ze sinn, an dat Grinsen, dat léisst engem d'Häerz opgoen."