D'Lëtzebuerger Karateka hat sech e Freideg beim zweete K1-Premier-League-Tournoi fir de Repêchage qualifizéiert.

Am Karate huet d'Jenny Warling e Sonndeg de Moie bei engem K1-Premier-League-Tournoi zu Hangzhou a China d‘Bronzemedail verpasst. D'Karateka huet am Kampf ëm déi drëtte Plaz mat 0:3 géint d'Bulgarien Ivet Goranova verluer.

Den drëtte vun am Ganze véier K1-Premier-League-Tournoien ass vum 18. bis den 20. Abrëll zu Kairo an Ägypten.