Duerch ee Gol vum Patrik Schick setzt sech d'Werkself an enger dramatescher Schlussphas nach mat 4:3 duerch.

E Sonndeg huet sech am internationale Futtballchampionnat Arsenal mat 1:0 am Londoner-Derby géint Chelsea duerchgesat. An Däitschland gouf et dann eng 3:1-Victoire zu Bochum an an Italien muss Neapel am Duell ëm de Championstitel no engem 0:0 géint Venedeg e Réckschlag astiechen.

Owes sinn an engem dramatesche Match zu Stuttgart dann nach siwe Goler gefall, dat mat engem glécklechen Ausgang fir d'Ekipp aus Leverkusen.

Bundesliga

Bochum - Frankfurt 1:3
0:1 Kristensen (27'), 0:2 Bahoya (32'), 1:2 Holtmann (73'), 1:3 Batshuayi (90+6')

Mat iwwer 50 Minutte Retard war d'Partie zu Bochum ugepaff ginn. Grond dofir ware Bannere vun de Frankfurter Supporter, déi den Zougang fir d'Rettungsekippe blockéiert hunn. Sportlech gesinn hunn d'Gäscht hir Favoritteroll erfëllt a louchen no 33 Minutten duerch d'Goler vum Kristensen a Bahoya mat 2:0 a Féierung. An engem Match mat intensiven Zweekämpf ass Bochum dann am Numm vum Holtmann nach den 1:2 gelongen, ma spéitstens mam 3:1 duerch de Batshuayi war de Match dann entscheet.

Heidenheim - Kiel 3:1
1:0 Pieringer (33'), 2:0 Zivzivadze (47'), 2:1 Harres (87'), 3:1 Conteh (90+3')

Stuttgart - Leverkusen 3:4
1:0 Demirovic (15'), 2:0 Woltemade (48'), 2:1 Frimpong (56'), 3:1 Xhaka (SG, 62'), 3:2 Hincapie (67'), 3:3 Stiller (SG, 88'), 3:4 Schick (90+4')

Virun den eegene Spectateuren huet Stuttgart ee gudde Start an de Match erwëscht a louch no 15 Minutte mat der éischter richteger Chance 1:0 a Féierung. Doropshin huet awer och Leverkusen de Wee no vir gesicht, hat domadder awer net de selwechte Succès.

Och nom Säitewiessel huet de Gaascht couragéiert ugefaangen, de Gol ass awer dann duerch den Nick Woltemade op der anerer Säit gefall. Belount krut sech d'Werkself da mam 1:2 duerch den Jeremie Frimpong, ma just e puer Minutte méi spéit huet den Xhaka en ofgesprongene Ball mam Aarm an den eegene Gol geleet. Et ass hin an hir gaangen a sou huet nees just fënnef Minutte méi spéit de Piero Hincapie mam 2:3 d'Hoffnung weider oprecht erhalen. Fir Stuttgart sollt elo de Match an eng dramatesch Richtung verlafen. Nom Selbstgol vum Angelo Stiller an der 88. Minutt huet op gewinnt Manéier keen anere wéi de Patrik Schick duerch ee Gol an der 94. Minutt de Match fir Leverkusen nach gedréint an déi dräi Punkte geséchert.

Premier League

Arsenal - Chelsea 1:0
1:0 Merino (20')

Arsenal huet seng zweet Tabelleplaz mat enger 1:0-Victoire géint Chelsea weider befestegt. Am Emirates Stadium waren d'Gunners vun Ufank u besser an de Match komm a konnten no 20 Minutten am Numm vum Merino verdéngt a Féierung goen. Chelsea huet duerno zwar probéiert de Ball an den eegene Reien ze halen, ma richteg geféierlech virun de géigneresche Gol sollte si awer just ee Mol kommen, an dat duerch ee Feeler vum Raya am Gol vun Arsenal. Am zweeten Duerchgang krut Chelsea et weider net hin, eng Reaktioun a Form vun engem Gol ze weisen a sou musse si sech am Derby geschloe ginn.

Fulham - Tottenham 2:0
1:0 Muniz (78'), 2:0 Sessegnon (88')

Serie A

Venedeg - Neapel 0:0

Am Duell ëm de Championstitel huet den SSC Neapel mat engem 0:0 géint den Zweetleschten aus der Tabell Punkte leie gelooss. No engem staarken Ufank mat enger Rei Golchancen huet dem Gaascht e puer Mol net vill fir eng Féierung gefeelt. Ma och d'Lokalekipp vu Venedeg huet sech net verstoppt a koum déi eng oder aner Kéier virun de géigneresche Gol. Am zweeten Duerchgang huet sech Neapel weider d'Zänn ausgebass a muss sech duerch eng schwaach Verwäertung vun den eegene Chancen um Enn selwer un d'Nues paken. Duerch de Remis huet Inter Mailand elo d'Chance op dräi Punkten un der Tabellespëtzt dervunzezéien.

Bologna - Lazio 5:0
1:0 Odgaard (16'), 2:0 Orsolini (48'), 3:0 Ndoye (49'), 4:0 Castro (74'), 5:0 Fabbian (84')

Fiorentina - Juventus 3:0
1:0 Gosens (15'), 2:0 Mandragora (18'), 3:0 Gudmundsson (53')

Ligue 1

Lyon - Le Havre 4:2
1:0 Lacazette (22'), 1:1 Touré (31'), 1:2 Casimir (45+1'), 2:2 Fofana (78'), 3:2 Mikautadze (82'), 4:2 Almada (90+6')

Stroossbuerg - Toulouse 2:1
0:1 Magri (3'), 1:1 Lemarechal (47'), 2:1 Andrey Santos (54')

La Liga

Leganes - Betis Sevilla 2:3
1:0 Raba (29'), 2:0 Raba (44'), 2:1 Isco (64'), 2:2 Bakambu (78'), 2:3 Hernandez (82')

FC Sevilla - Bilbao 0:1
0:1 Yeray (84')