FLH-Selektioun hat Léieren aus der héijer Defaite beim Allersmatch gezunn

© Emile Mentz (RTL Archiv)
Am Allersmatch an der Coque gouf et nach eng Néierlag mat 10 Goler Differenz. Am Retourmatch an der Belsch konnten d'Rout Léiwe sech dunn duerchsetzen.
Déi Lëtzebuerger Hären-Handballnationalekipp huet mat der 27:24-Victoire am Retourmatch an der Europameeschterschaftsqualifikatioun zu Hasselt géint d'Belsch Revanche geholl fir d'Defaite mat enger Differenz vun 10 Goler de leschte Mëttwoch an der Coque géint deen nämmlechte Géigner. Am Allersmatch heiheem hunn eng Rei Saachen net esou geklappt wéi sech den FLH-Nationaltrainer Maik Hanschke dat virgestallt hat. Et huet een awer déi richteg Léieren doraus gezunn:
Jo, et war schonn net einfach. Also, wir haben uns, dem Trainerstab, wir haben uns sehr viele Gedanken gemacht, wie wir die Mannschaft vorbereiten, aber wir kamen auch nicht drumherum, ihnen die schlechten Szenen noch mal zu zeigen, wo teilweise fehlende Aggressivität und mangelnder Einsatz da war. Auf der anderen Seite haben wir das auch als Motivation genommen, um ihnen zu zeigen, 'Hey, wir haben das Potenzial, auch hier gegen Belgien zu gewinnen.' Wie gesagt, es hat auch geklappt. Und ja, beim nächsten Mal wünsche ich mir natürlich, dass wir im ersten Spiel auch schon so rangehen, so wie wir auch gekämpft haben und gefightet haben.
An dëser Qualifikatiounscampagne fir d'Europameeschterschaft 2026 kritt déi Lëtzebuerger Hären-Handballnationalekippe et nach de 7. Mee heiheem mat der Tschechescher Republik ze dinn. Véier Deeg drop geet d'Rees dann nach bei de Vize-Weltmeeschter Kroatien.