Et ass e weidere Réckschlag fir d'Lëtzebuerger Hären. Si verléieren an der Coque 22:32 géint d'Belsch. E Sonndeg steet de Retourmatch um Programm.

Um drëtte Spilldag vun der EM-Qualifikatioun fir d’EM 2026 an Dänemark, Schweden an Norwegen gouf et fir d’Lëtzebuerger Handball-Nationalekipp déi drëtt Néierlag am drëtte Match. Si verléiere mat 22:32 géint d’Noperen aus der Belsch. Lëtzebuerg muss domat weiderhin op déi éischt Victoire géint d'Belsch an engem offizielle Match zënter 1976 waarden.

E Sonndeg steet de Retourmatch zu Hasselt um Programm, deen Dir nees op RTL.lu suivéiere kënnt.

Am zweete Match aus der Qualifikatiounsgrupp 5 huet de Vize-Weltmeeschter Kroatien 33:29 géint Tschechien gewonnen a steet domat souverän un der Tabellespëtzt.

D'Belsch waren am Ufank den erwaarte Géigner op Aenhéicht, géint dee Lëtzebuerg virun dräi Joer d'Qualifikatioun fir déi nächst Quali-Phas fir d'EM 2024 an Däitschland verpasst hat. Deemools hat een heiheem 26:32 heiheem verluer a 27:27 an der Belsch gespillt. No der Suspendéierung vu Russland a Wäissrussland wéinst dem Ukrain-Krich war Lëtzebuerg als Lucky Loser vun der EHF fir d'Gruppephas noselectionéiert ginn.

Béid Ekippe gounge mat 0 Punkten an de Match, well se allen zwee souwuel géint Tschechien wéi Kroatien de Kierze gezunn haten. Schued war virun allem, dass trotz der Importenz vum Match just wéineg Spectateuren (639) de Wee an d'Coque fonnt haten.

D'Belsch, de Participant vun der Weltmeeschterschaft 2023, huet an en éischte Minutten de besseren Androck gemaach, d'Rout Léiwen hunn e puer Minutte gebraucht, bis se am Match waren. Duerno hunn de Raphael Guden, den David Ojié Etute an de Loïc Kaysen d'Spill am Réckraum geleet an hir Matspiller gutt an Zeen gesat oder selwer getraff. Och de Mika Herrmann war ab der 5. Minutt am Match a konnt bis zur 20. Minutt 7 Parade sammelen.

D'Belsch huet beim Stand vun 8:10 op de Lëtzebuerger Flow mat enger Auszäit reagéiert. Sou konnt si de Laf briechen a bannent 5 Minutte selwer en 1:5 entgéintsetzen. Trotz enger Auszäit vum Nationaltrainer Maik Handschke koumen d'Rout Léiwen net méi an hiert Spill a si méi wéi eng Kéier um belsche Golkipp hänke bliwwen. D'Belsch konnt bis zur Paus virun allem vun de Goler vum Raphaël Kotters a Quinten Colman (jee 4 Goler), déi béid an der héchster franséischer Liga bei Istres respektiv St. Raphael spillen, profitéieren an op 16:14 erhéijen.

D'Belsch hunn dëse Schwong och mat an d'zweet Hallschent geholl. Lëtzebuerg hat no der Paus kee Gléck bei senge Schëss. Entweder stoung de belsche Golkipp am Wee oder d'Bäll sinn um Potto gelant respektiv nieft de Gol gaangen.

Well d'Belsch no 45 Minutte 5 Goler Avantage hat (18:23), huet de Maik Handschke mat enger weiderer Auszäit versicht, de Bock nach eng Kéier ëmzestoussen a senger Ekipp déi néideg Impulser mat op de Wee ze ginn. Dat sollt awer net méi geléngen. Virun allem de Raphaël Kotters mat insgesamt 11 Goler huet et de Roude Léiwe schwéier gemaach.

Lëtzebuerg huet déi zweet Hallschent an der Attack ze haseleg an oniwwerluecht agéiert a sech sou ze liicht Goler gefaangen. Et war virun allem do, wou de Match verluer goung. Och an der Defense war d'Géigewier net méi sou staark wéi nach am Ufank vum Match. Doru konnten och déi 15 Parade vum Mika Herrmann näischt änneren. E Liichtbléck war den engagéierten éischten Asaz vum jonke Vincent Kreiselmaier, deen an Däitschland beim VfL Gummersbach an der Jugendekipp ënnerwee ass.

De Match am Replay