Japan léist den éischten Ticket fir d'WM

© AFP
Duerch d'Victoire géint Bahrain steet een als éischte Participant fest.
Japan huet sech en Donneschdeg als éischt Ekipp um sportleche Wee fir d'Futtball-WM 2026 qualifizéiert. D'"Samurai Blue" hunn den Ticket fir den Tournoi 2026 an den USA, Kanada a Mexiko duerch en 2:0 géint de Bahrain geléist. D'Asiate sinn domadder fir d'aachte Kéier noenee fir d'WM qualifizéiert.
Den agewiesselten Ex-Frankfurter Daichi Kamda (66') an den Takefusa Kubo (87') hu fir d'Japaner markéiert, déi dräi Spilldeeg virum Enn vun der Qualifikatioun eng vun den zwou éischte Plazen am Qualifikatiounsgrupp C sécher hunn. Bei der Partie zu Saitama stoungen och nach d'Bundesliga-Spiller Ko Itakura (Borussia Mönchengladbach), Hiroki Ito (Bayern München) a Ritsu Doan (SC Freiburg) an der Startformatioun.
USA, Kanada a Mexiko sinn automatesch fir d'WM (11. Juni bis 19. Juli 2026) qualifizéiert, fir d'éischte Kéier sinn 48 Ekippe bei der WM dobäi. An Europa fänkt d'Qualifikatioun e Freideg un. Lëtzebuerg start am September an d'Qualifikatioun.