Futtball
FLF-Match géint Schweeden komplett ausverkaaft

D’Lëtzebuerger Futtball Federatioun huet matgedeelt, datt de Stade de Luxembourg fir de Frëndschaftsmatch vun der Hären Nationalekipp géint Schweden komplett ausverkaf ass.
Déi ronn 9.200 Tickete si fort an et ginn och keng weider zousätzlech Entréesbilljee méi. E Samschdeg spillen d’rout Léiwen hiren éischte Match am Joer 2025 géint Schweden. An 3 Deeg krit et d’Ekipp vum Luc Holtz dann auswäerts zu Sankt Gallen mat der Schwäiz ze dinn.
Am meeschte gelies