E Samschdegmoien hat den FC Déifferdeng 03 héije Besuch.

De brasilianesche Futtballspiller Roberto Firmino war op Uewerkuer komm.
 
De Weltstar huet sech mat jonke Spiller ausgetosch, Trikoten ënnerschriwwen an hinnen e puer wäertvoll Rotschléi mat op de Wee ginn.
 
D’Kanner an d’Jugendspiller ware begeeschtert, dem fréiere Liverpool-Stiermer sou no ze kommen. Hien huet sech vill Zäit geholl, fir mat hinnen ze schwätzen, hir Froen ze beäntwerten an hinnen ze erklären, wéi wichteg haart Aarbecht, Disziplin a Leidenschaft am Futtball sinn.
 
Zum Ofschloss gouf et natierlech Fotoen, Autogrammer an e puer flotter Momenter, déi déi Jonk sécherlech nach laang an Erënnerung behalen.