Stroossen léisst Luerenzweiler keng Chance, Mamer wënnt enke Match géint d'Gym

© Emile Mentz (Archive)
E Samschdeg den Owend sinn am nationale Volleyball-Championnat déi éischt Halleffinalle gespillt ginn.
Bei den Hären huet Stroossen an der éischter Halleffinall géint Luerenzweiler näischt ubrenne gelooss. Den Titelverdeedeger huet sech an dräi Sätz behaapt.
An der zweeter Halleffinall war Bartreng an engem enke Match mat 3:1 iwwerleeë géint Fenteng.
D'Halleffinalle ginn am Modus Best-of-3 gespillt.
Bei den Dammen huet de Coupe-Gewënner Mamer fënnef Sätz gebraucht, fir an der Best-of-3 mat 1:0 géint d'Gym a Féierung ze goen. Béid Ekippen hu sech eng serréiert Partie geliwwert. An där louch d'Gym mat 2:0 am Avantage bis d'Lokalekipp de Match nach dréine konnt a sech mat 3:2 behaapt huet.
Och déi zweet Halleffinall bei den Damme war spannend. Tëscht Péiteng a Walfer ass et ëmmer nees hin an hier gaangen. Um Enn huet den Titelverdeedeger Walfer mat 3:2 gewonnen.