Nieft Däitschland stinn nach Frankräich, Portugal a Spuenien an der nächster Ronn. D'Halleffinalle si fir Juni programméiert.

Et ware véier verréckt Véierelsfinallen: 3 Matcher goungen an d'Verlängerung, 2 souguer an d'Eelefmeterschéissen, an Italien huet en 0:3 géint Däitschland nach opgeholl.

Däitschland steet no engem 3:3 géint Italien an den Halleffinalle vun der Nations League. Am Jubiläumsmatch fir d'125-järegt Bestoe vum DFB goung d'Ekipp vum Trainer Julian Nagelsmann duerch de Kapitän Joshua Kimmich per Eelefmeter an der 30. Minutt a Féierung a konnt 6 Minutte méi spéit duerch e kuriéisen Eckball, dee vum Musiala verwandelt gouf, erhéijen. Virun der Paus konnt de Kleindienst den drëtte Gol markéieren. Et huet gewierkt, wéi wann Italien déi komplett éischt Hallschent net um Terrain war.

Dat sollt sech awer am zweeten Duerchgang änneren. De séieren Uschloss no engem Feeler an der däitscher Verteidegung huet der Squadra Azzurra den néidegen Elan ginn, fir nach eng Kéier an de Match ze kommen. Dat war nom 2:3 an der 69. Minutt de Fall. An der Nospillzäit konnt Italien souguer ausgläichen, eng Victoire war awer net méi dran. Den 2:1 aus dem Allermatch geet Däitschland duer, fir an der Zomm weiderzekommen. Domat steet och fest, dass d'Nations League Finals an Däitschland gespillt wäerte ginn.

Portugal konnt den 0:1 aus dem Allermatch nach dréinen an huet Dänemark mat 5:2 no Verlängerung heemgeschéckt. No 90 Minutten hat et 3:2 fir d'Portugise gestanen, firwat de Match an der Verlängerung huet missen entscheet ginn.

D'ibeeresch Hallefinsel ass mat zwou Ekippen an de Finals vertrueden. Spuenien huet sech am Eelefmeterschéissen 8:7 géint Holland duerchgesat. Well et no 90 Minutten 2:2 gestanen hat, genee wéi am éischte Match, goung de Match an d'Verlängerung. Hei konnte béid Ekippe jee eng Kéier markéieren, eng Entscheedung gouf et awer net. Am Eelefmeterschéissen huet Holland zwee Bäll net eragesat, Spuenien just een. Domat steet Spuenien am nächsten Tour.

De leschten Ticket huet sech Frankräich gekroopt. D'Fransousen hu géint Kroatien en 0:2 aus dem Allermatch egaliséiert. An der regulärer Spillzäit ass keng Decisioun gefall, an der Verlängerung hunn d'Spectateuren och keng Goler gesinn, dohier huet d'Eelefmeterschéisse mussen decidéieren. Frankräich konnt 5 vu 7 Schëss verwandelen, Kroatien huet 3 Mol net getraff.

D’Halleffinalle sinn de 4. a 5. Juni a ginn an Däitschland (München a Stuttgart) ausgedroen, sou wéi den UEFA-Exekutivkommitee dat am Dezember 2024 decidéiert hat. D'Finall ass fir den 8. Juni ugesat a gëtt live op RTL iwwerdroen.

D'Resultater vun der Nations League

Däitschland - Italien 3:3
1:0 Kimmich (30', Eelefmeter), 2:0 Musiala (36'), 3:0 Kleindienst (45'), 3:1 Kean (49'), 3:2 Kean (69'), 3:3 Raspadori (90'+5)

Frankräich - Kroatien 7:4  (2:0, 2:0) n.E.
1:0 Olisé (52'), 2:0 Dembélé (80')

Portugal - Dänemark 5:2 (3:2) n.V. 
1:0 Andersen (38', Eegegol), 1:1 Kristensen (56'), 2:1 Ronaldo (72'), 2:2 Eriksen (76'), 3:2 Trincao (86'), 4:2 Trincao (91'), 5:2 Gonçalo Ramos (115')

Spuenien - Holland 8:7 (3:3, 2:2) n.E.
1:0 Oyarzabal (8', Eelefmeter), 1:1 Depay (54', Eelefmeter), 2:1 Oyarzabal (67'), 2:2 Maatsen (79'), 3:2 Yamal (103'), 3:3 Xavi Simons (109', Eelefmeter)

Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.

Ekippen