Lëtzebuerg bleift hannert Erwaardungen zeréck a verléiert 1:3 géint d'Schwäiz
Nodeems d'Rout Léiwen e Samschdeg eng iwwerzeegend 1:0-Victoire géint d'Schwede feiere konnten, wollte si en Dënschdeg géint d'Schwäiz dorunner uknäppen.
Ville Lëtzebuerger dierft d'Schwäiz futtballeresch gesinn nach positiv an Erënnerung bliwwe sinn. Esou konnten d'Rout Léiwen am Joer 2008 eng 2:1-Victoire an der Schwäiz feieren. Dës war allerdéngs bis ewell déi eenzeg Victoire fir d'Lëtzebuerger géint d'Schwäiz. Eppes, wat d'Rout Léiwen den Owend ännere wollten.
Dovu waren d'Lëtzebuerg awer ganz wäit ewech. Vun Ufank un hunn d'Schwäizer hire Stempel op de Match gedréckt an hunn de Roude Léiwen keng Chance ginn, fir an de Match ze kommen. Esou louchen d'Haushären no 45 Minutte scho mat dräi Goler a Féierung.
An der zweeter Hallschent ass dunn net méi vill virun de Goler geschitt. D'Lëtzebuerger sinn dobäi villes schëlleg bliwwen a sinn hannert den Erwaardungen zréckbliwwen. An der 89. Minutt kruten d'Lëtzebuerger awer nach en Eelefmeter accordéiert, deen de Sinani verwandelen an domadder verkierze konnt. Um Enn trenne sech d'Schwäiz a Lëtzebuerg mat engem 3:1.
Fir d'Lëtzebuerger ginn d'Lännermatcher domadder mat enger Néierlag op en Enn.
Reaktioune vun de Roude Léiwen
Schwäiz - Lëtzebuerg 3:1
1:0 Vargas (9'), 2:0 Embolo (12', Eelefmeter), 3:0 Muheim (29'), 3:1 Sinani (89', Eelefmeter)
D'Spectateure kruten zu Sankt Gallen eng Schwäizer Ekipp ze gesinn, déi d'Rout Léiwen direkt ënner Drock gesat huet. Allerdéngs waren et d'Lëtzebuerger, déi déi éischt Chance verbuche konnten, mä dem Martins säin Distanzschoss an der 8. Minutt hat de Gol dann awer ëm e puer Zentimeter verfeelt. Nëmmen eng Minutt drop sollt de Ball dann awer fir déi éischte Kéier am Filet zappelen: De Muheim spillt flaach an de Réckraum, wou de Vargas vëlleg eleng steet, dee sengersäits du keng Problemer huet, fir den 1:0 fir seng Faarwen ze markéieren. Eng batter Pëll fir d'Rout Léiwen, déi sech den Owend awer eppes virgeholl haten. Mä dës Pëll sollt an der 11. Minutt nach méi batter ginn, nodeems den Arbitter no engem Feeler vum Korac op den Eelefmeterpunkt gewisen huet. De fällegen Eelefmeter konnt den Embolo ouni Problemer verwandelen.
Bei de Lëtzebuerger war doropshin de Rimm erof. An der 17. Minutt louch de Ball nämlech op en Neits am Lëtzebuerger Filet. Allerdéngs gouf dëse Schwäizer Gol wéinst enger Abseitspositioun annuléiert. D'Lëtzebuerger si réischt an der 24. Minutt geféierlech virum Schwäizer Gol opgedaucht. De Sinani huet e Fräistouss an de Strofraum bruecht, wou en de Korac fonnt huet, deen de Ball mam Kapp op de Gol vum Mvogo bruecht huet. Dëse konnt de geféierlech Kappball awer entschäerfen. An der 29. Minutt sollt dunn den drëtte Gol fir d'Schwäizer falen. De Vargas huet vill Plaz a ka bannent dem Strofraum ofzéien. De Ball gëtt nach zwee Mol ofgefälscht a schléit hannert dem Moris am Gol an, dee bei dësem Schoss ouni Chance war. De Gol gouf um Enn dem Muheim zougeschwat, deen de Ball wuel als Leschte beréiert huet. Duerno ass de Match viru sech higeplätschert an d'Rout Léiwen haten nach Chance, datt et just mat engem 0:3-Réckstand op den Téi gaangen ass. Dëst well den Ndoye an der 42. Minutt net vun engem Ballverloscht vum Sinani profitéiere konnt an am 1-géint-1 mam Moris de Kierzere gezunn huet. Deemno goufe béid Formatioune mat engem 3:0 an d'Kabinne geschéckt.
Nom Téi waren et och nees d'Schwäizer, déi den Toun uginn hunn. An der 55. Minutt sollte si fir d'éischte Kéier an der zweeter Hallschent geféierlech virum Gol opdauchen. De Muheim setzt den Embolo schéin an Zeen, deen de Ball eigentlech just nach am Gol ënnerbrénge muss, dëst awer net hikritt, well de Pereira am Lëtzebuerger Gol gutt reagéiert, soudatt et aus Lëtzebuerger Siicht beim 0:3 bliwwen ass. Am weidere Verlaf vum Match ware Golchancë rar geseet. Mä wann eng Kéier en Hauch vu Gefor an der Loft houng, da meeschtens op Schwäizer Säit. Esou war et an der 65. Minutt de Muheim, dee säi Gléck mat engem Schoss vun der lénker Säit probéiert huet, mä dësen ass nieft dem Gol ageschloen. Bei de Lëtzebuerger ass dogéint net méi vill zustane komm. Si hu souguer an der 75. Minutt nach eng weider batter Pëll misse schlécken: Den zur Paus agewiesselte Rodrigues huet no sengem kuerzen Asaz misse blesséiert ausgewiesselt ginn.
An der Schlussphas sinn d'Schwäizer nach déi eng oder aner Kéier geféierlech virum Lëtzebuerger Gol opgedaucht, mä de Pereira konnt souwuel dem Vargas säi Schoss an der 77. Minutt, ewéi och dem Rieder säi Fräistouss an der 79. Minutt klären. An der 88. Minutt kruten d'Lëtzebuerger no engem Feeler um Curci nach en Eelefmeter vum Arbitter accordéiert, deen de Sinani eng Minutt drop du sécher verwandele konnt. Doropshin ass näischt méi geschitt, soudatt et mat engem 3:1 op en Enn gaangen ass.