D'Bartrenger Damme wanne géint Conter, Hueschtert klappt den T71 däitlech

© Shari Schenten
Um Samschdeg war den Optakt vun den Halleffinallen an der Enovos League bei den Dammen.
De Coupe-Gewënner Gréngewald Hueschtert setzt sech an eegener Hal souverän mat 81:63 géint den T71 Diddeleng duerch. E staark Alexus Johnson (30 Punkten, 29 Rebounds, 9 Assists) huet der Lokalekipp fréi am Match gehollef, sech e Virsprong eraus ze spillen, an an der Paus louch Hueschtert 44:33 a Féierung. Nom Säitewiessel huet de Favorit net locker gelooss an de Virsprong weider ausgebaut. Diddeleng hat keng Mëttel fonnt, fir de Géigner ze stoppen, an et sollt keng Spannung méi opkommen. Niewent der iwwerragender Johnson koum d'Jovana Jaksic op 21 Punkten fir d'Lokalekipp.
Méi spannend war d'Partie tëschent der Sparta Bartreng an dem AB Conter. Hei ass d'Entscheedung eréischt an der leschter Minutt gefall, Bartreng setzt sech um Enn mat 66:60 duerch. 7 Minutte viru Schluss vun der Partie louch Conter 60:54 a Féierung, duerno sollten
d'Gäscht kee weidere Punkt markéieren an de Match aus der Hand ginn. D'Kyaja Williams hat mat 22 Punkten am beschte getraff bei der Lokalekipp.
Béid Serien ginn am "Best-of-3"-Modus gespillt, den zweete Match steet um Mëttwoch um Programm.
Musel Pikes falen aus der Enovos League eraus
Um Freideg war schonn zum Optakt vun der Ofstigsgrupp d'Entscheedung ëm den Ofstig gefall. D'Musel Pikes hu mat 69:72 zu Esch verluer a spillen domat nächst Saison an der Nationale 2.
Um Samschdeg konnt sech am zweeten Match vun der Ofstigsgrupp d'Amicale Steesel mat 86:55 géint Wolz duerchsetzen.