Et war ee schwéieren Match fir d'FLR-Formatioun, an deem si no enger rouder Kaart de Groussdeel vum Match hu missen zu 14 spillen.

Um Enn huet een d'Partie am Stade de Luxembourg mat 18:57 verluer.

D'Lëtzebuerger Nationalekipp huet de ganze Match iwwer Charakter gewisen a war bis an déi 65. Minutt nach gutt dobäi. D'Schweden hunn dunn allerdéngs d'Iwwerzuel gutt ausgenotzt an konnte véier "Tries" hannerenee maachen.

Domat bleift Lëtzebuerg ouni Victoire op der leschter Tabelleplaz an ass domat esou gutt wéi ofgestigen. D'nächst Woch spillt d'Ekipp nach eng Kéier am Stade de Luxembourg, dat géint Polen.