Bis Juni 2026
De Mario Mutsch huet säi Kontrakt bei der FLF verlängert

De Mario Mutsch ass aktuell Trainer vun der U19-Nationalekipp a Co-Trainer vun der A-Nationalekipp vun den Hären.
Aus dem nationale Futtball ass et d‘Nouvelle, datt de Mario Mutsch säi Kontrakt bei der Lëtzebuerger Futtball-Federatioun, der FLF, bis den 30. Juni 2026 verlängert huet. Domat bleift hien ënnert anerem Co-Trainer vum Luc Holtz bei der A-Nationalekipp. De Mario Mutsch ass awer och weider Deel vun der Futtballschoul an ass ënnert anerem Trainer vun der U19, déi rezent op en Neits fir gutt Resultater géint Holland a Kroatien gesuergt huet.
Am meeschte gelies