Stuttgart steet an der Finall vum DFB-Pokal, Barcelona klappt Atlético

© AFP
Nieft dem DFB-Pokal gouf e Mëttwoch den Owend och an der Copa del Rey, an der Coppa Italia an an der Coupe de France gespillt.
An der däitscher Coupe huet sech de VfB Stuttgart an der zweeter Halleffinall mat 3:1 géint Leipzig duerchgesat. De VfB spillt an der Finall elo géint d'Arminia Bielefeld. Den Drëttligist hat an där aner Halleffinall jo iwwerraschend den Titelverdeedeger Leverkusen eliminéiert.
Donieft steet a Spuenien den FC Barcelona an der Finall vun der Copa del Rey. No engem fulminante 4:4 am Allersmatch konnten d'Katalanen de Retourmatch géint Atlético Madrid mat 1:0 gewannen. De Ferran Torres huet den decisive Gol markéiert. An der Finall kënnt et zum Duell mat Real Madrid.
A Frankräich kréien et an der Finall Reims a Paräis mateneen ze dinn. E Mëttwoch den Owend konnt sech Stade Reims knapps mat 2:1 géint de Véiertligist AS Cannes duerchsetzen. De PSG hat sech schonn en Dënschdeg no 0:2-Réckstand mat 4:2 géint Dunkerque aus der zweeter Liga behaapt.
Am Derby zu Mailand gouf et am Allersmatch vun der Halleffinall an der Coppa Italia kee Gewënner tëscht Inter an AC. De Retourmatch ass fir den 23. Abrëll geplangt.