De Champion Gréngewald steet no souveräner Leeschtung an der Finall

© Emile Mentz (Archiv)
Um Samschdeg stoung an der Halleffinall bei den Dammen den entscheedenden drëtte Match tëschent dem Gréngewald an dem T71 um Programm.
No enger ausgeglachener éischter Phas am Match huet sech d'Lokalekipp mat engem 14:0-Laf am zweete Véierel eng éischte Kéier ofgesat (33:19) an ass mat engem 39:26 Virsprong an d'Kabinn gaangen. Nom Säitewiessel huet de Favorit d'Féierung weider ausgebaut, och well d'Alexus Johnson op en Neits net ze stoppe war. Um Enn koum d'Spillerin bei der 71:54-Victoire op 34 Punkten an 29 Rebounds.
Nodeems Hueschtert e Mëttwoch déi éischte Néierlag des Saison kasséiert huet, konnt d'Ekipp eng staark Reaktioun weisen a geet als klore Favorit an d'Finallserie géint d'Sparta Bartreng, deen sech an der anerer Halleffinall 2:0 géint den AB Conter duerchgesat hat. D'Finall gëtt am "Best-of-5" Modus gespillt.
Steesel iwwerrennt d'Musel Pikes
Am Ofstigsgrupp gouf bei den Dammen ee Match gespillt, hei deklasséiert d'Amicale Steesel den Ofsteiger Musel Pikes mat 94:48. Um Sonndeg setzt sech de Basket Esch mat 74:70 géint Wolz duerch.