Den HBE klappt Bierchem an engem spannende Match, wärend d’Red Boys souverän um Standard gewannen. Diddeleng notzt d’Bierchemer Néierlag an ass elo Zweeten

Resumé Handball / Reportage Gilles Tricca

Um 8. Spilldag vum Playoff klappt den HB Esch den HC Bierchem in extremis 32:31 a füügt domat engem weideren Titelkandidat e Punkteverloscht zou. Um leschte Spilldag kéint Esch géint Diddeleng nees eng Kéier den X-Facteur sinn. Et ass déi éischt Victoire an dëser Saison fir Esch géint Bierchem.

D’Spectateuren an der Escher Sportshal hunn eng staark Leeschtung vun der Lokalekipp gesinn, déi just mat 13 Leit ugetruede war. Esch huet de Gäscht mat enger offensiver 3:3- respektiv 4:2-Verteidegung d’Liewe schwéier gemaach. Bierchem ass domat net kloer komm a louch no 15 Minutte 6:9 hannen. Dozou bäigedroen huet och, dass d’Réiserbänner 3 vun hire 5 Siwemeteren net verwandelt kruten. Bei d’Bierchemer Nervositéit koum nach d’Onverständnis iwwer eng Rei Decisioune vun den Arbitteschen dobäi. Esch huet an der Defense méi kloer agéiert an hätt souguer méi héich féiere kënnen, mee si hu vir vill Bäll leie gelooss. Dohier goung d’Lokalekipp just mat engem 17:13 an d’Kabinnen.

Bierchem war an der 37. Minutt nees op 1 Gol drun (19:18), et huet awer nach bal 10 Minutte gedauert, bis den amtéierende Champion ausgläiche konnt (23:23). Béid Ekippen hu sech en haarde Kampf geliwwert an et war laang net gewosst, ob et e Jong oder e Meedche géif ginn. Zwou Minutte viru Schluss konnt Bierchem d’Féierung iwwerhuelen (31:30), mee Esch huet net opginn. De Bob Kirsch konnt 3 Sekonne viru Schluss den decisive Gol fir déi Schwaarz-Wäiss schéissen. E wichtege Spiller fir Esch war och den Afonso Clemente, dee seng 6 Siwemeter eragesat huet a beschte Buteur vu senge Faarwe war. Op Bierchemer Säit sinn déi 11 Goler vum Lé Biel net duergaangen.

D’Red Boys Déifferdeng hu sech beim HC Standard keng Bléisst ginn a stinn no der souveräner 28:17-Victoire nees eleng un der Tabellespëtzt. Nodeems d’Gäscht no 8 Minutte 5:1 vir louchen, konnt d’Ekipp aus der Haaptstad bis an d’17. Minutt op 7:7 stellen. Et sollt awer net duergoen, fir d’Féierung ze iwwerhuelen. Déifferdeng ass déi nächst Minutte bis an d’Paus nees méi konzentréiert ugaangen an d’Säite goufe bei 16:12 fir d’Gäscht gewiesselt. An der zweeter Hallschent hunn d’Red Boys mat engem 6:1-Laf séier fir d’Entscheedung gesuergt a konnten de Match am Uschloss mat hallwem Tempo op en Enn bréngen. Beim Standard war virun allem den Alen Zekan géint seng al Komerode mat 6 Goler gutt opgeluecht.

Käerjeng hat sech vun der héijer Néierlag ënnert der Woch géint Bierchem erholl an huet dem HB Diddeleng bis an d’lescht Sekonn Paroli gebueden. Um Enn geet awer den HBD mat 29:28 als Gewënner vum Terrain. Diddeleng ass domat elo Zweeten an der Tabell an ee Punkt hannert der Red Boys Déifferdeng.
D’Fiiss konnten no 12 Minutten en éischt grousst Lach (8:4) tëscht sech an d’Gäscht bréngen. An de leschte Matcher war dat dacks e Knackpunkt fir Käerjeng, mee dës Kéier huet sech d’Ekipp vum Trainer Ben Schuster net opginn a blouf drun. Aus engem 11:16 3 Minutte virun der Paus konnt een, trotz duebeler Ënnerzuel, nach en 13:16 maachen.

Och nom Säitewiessel hunn déi Gréng sech net ënnerkréie gelooss a konnten no 39 Minutten op 20:20 stellen. Fënnef Minutte war Käerjeng souguer kuerz vir. Uschléissend blouf de Match bis an d’lescht Sekonnen enk. Diddeleng huet an der 58. Minutt de leschte Gol markéiert a Käerjeng hat mam leschten Ugrëff d’Méiglechkeet, nach ze egaliséieren. Den Diddelenger Golkipp Thierry Hensen konnt dat awer mat zwou Parade verhënneren.

Relegatioun

No 7 vun 10 Spilldeeg steet fest, dass Rëmeleng d’nächst Saison weider an der Axa League spille wäert. D’Ekipp vum Trainer Yves Braconnier, déi an der regulärer Saison eng eenzeg Victoire verbuche konnt, huet mam 44:36 géint den Drëttplacéierte Péiteng alles kloer gemaach.

E Sonndeg huet Dikrech als zweet Ekipp vun der Péitenger Néierlag profitéiert a sech nees mat 4 Punkte vu Péiteng ofsetzen. Si hunn hire Match géint Miersch37:19 gewonnen a stinn domat kuerz virum Maintien.

Den HB Leideleng huet sech kloer mat 37:26 beim HC Atert Réiden duerchgesat.

De Championnat vun den Damme pauséiert bis Ufank Mee. Da starten d’Playoff-Matcher am Kampf ëm de Championstitel. Och d’Häre wäerten no dësem Weekend wärend sechs Woche kee Championnatsmatch spillen. De Weekend vum 26./27. Abrëll steet de Final4 an der Coupe um Programm an duerno schléisst d’Nationalekipp hir EM-2026-Campagne of.