An der BGL Ligue geet et an déi decisiv Phas. Iwwerdeems Déifferdeng wuel e weidere Championstitel ka feieren, steet d'Escher Fola virum Ofstig.

Den FC Déifferdeng 03 huet 6 Spilldeeg viru Schluss 17 Punkten Avance op den Tabellenzweeten Diddeleng. Sollt den amtéierende Champion e Samschdeg zu Rouspert gewannen, da kann ee 5 Matcher viru Schluss den zweeten Titel noenee feieren. Sollten déi Déifferdenger verléieren, ass et nawell kaum virstellbar, datt si de Championstitel nach aus der Hand ginn, dofir ass hir Avance ze komfortabel an hir Saison bis elo ze konstant an dominant.

Kampf ëm Europa

Op d'mannst hannendrun, am Kampf ëm déi europäesch Plazen, ass et méi spannend. Do streide sech nämlech direkt 5 Ekippen. Den F91 Diddeleng huet aktuell 50 Punkten als Tabellenzweeten an domat 4 Punkten Avance op den Drëtten Nidderkuer (46 Punkten). Da komme Stroossen an Hesper mat 45 Punkten an de Racing mat 43. Minimal Chancen dierft sech wuel nach Munneref ausrechnen, ma mat 38 Punkte muss ee wuel bal e Parcours sans faute realiséieren, wann een nach e Wiertche matschwätze wëll. Bleift awer nach ze betounen, datt Hesper jo keng UEFA-Lizenz kritt an, sollt d'Ekipp vum Holleschbierg op enger europäescher Plaz stoen, eng aner Ekipp noréckelt.

RTL

Esouwuel Stroossen ewéi och Nidderkuer hoffen, d'nächst Saison europäesch ze spillen.

Maintien an Ofstig

Am Kampf géint den Ofstig zeechent sech deels och schonn e kloert Bild of. D'Escher Fola steet aktuell mat nëmme 7 Punkten op der leschter Tabelleplaz. Wann do net nach ee richtegt Futtball-Wonner geschitt, dann dierft d'Ekipp vum Escher Gaalgebierg d'nächst Joer wuel an der Éierepromotioun spillen. Déi lescht zwou Saisonen haten déi Escher sech allkéiers nach zum Enn vun der Saison op eng Barrageplaz gerett kritt an deen och jeeweils gewonnen, fir esou de Maintien ze realiséieren. Bis op eng Barrageplaz huet d'Fola awer schonn 12 Punkte Réckstand.

Och fir den Zweetleschte Monnerech gesäit et ganz schlecht aus. Déi Monnerecher hunn nämlech nëmmen 2 Punkte méi wéi d'Escher Fola an dierften et och ganz schwéier kréien, de Maintien ze realiséieren.

E bësse méi spannend ass et op de Plazen 12 bis 14. Aktuell misste Beetebuerg mat 19 Punkten a Rodange mat 20 Punkten an de Barrage. Wolz géing aktuell mat 23 Punkten den direkte Maintien realiséieren. Reng rechneresch kéinten och nach Péiteng (34), Hueschtert (33), d'Jeunesse (32) a Rouspert (29) op eng Relegatiounsplaz rutschen, dat schéngt awer éischter onwarscheinlech.

An eisem Liveticker kënnt Dir alleguer d'Matcher live suivéieren.

RTL

D'Opsteiger Rodange a Beetebuerg wëllen dra bleiwen. / © Val Wagner

D'Tabell am Iwwerbléck