E Freideg den Owend war an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball-Championnat den Optakt vum 25. Spilldag.

D'Fola konnt sech e Freideg den Owend iwwer déi zweet Victoire an dëser Saison freeën. D'Gäscht louchen no 18 Minutten hannen a konnten duerno de Match dréinen, fir um Enn mat 4:2 ze wannen.

Duerch d'Victoire an déi gläichzäiteg Néierlag vu Monnerech géint de Racing steet d'Fola elo net méi op der leschter Tabelleplaz, dës Plaz huet Monnerech iwwerholl.

Déi Monnerecher hate beim 0:4 géint de Racing keng Chance. Si hunn deemno weiderhin 9 Punkten um Kont. D'Fola kënnt elo op 10 Punkten. Den Ofstand op d'Barrageplazen ass fënnef Spilldeeg viru Schluss trotzallem nach grouss. Beetebuerg huet mat engem Match manner 19 Punkten a Rodange och mat engem Match manner 20 Punkten.

E Samschdeg ginn déi weider Partië vum Spilldag gespillt. Hei kéint d'Decisioun ëm de Championstitel falen. Mat enger Victoire wier Déifferdeng den Titel net méi ze huelen.