An der Champions League ginn en Dënschdeg an e Mëttwoch d’Allersmatcher vun den Halleffinalle gespillt.

Wien de Favorit an dësen Dueller ass, hu mir versicht erauszefannen. Nom Match géint de Real Madrid ass Arsenal London wuel de Favorit op d'Finall, wann net esouguer op den Champions-League-Titel. Fir dëse Schratt awer ze packen, wat gläichzäiteg deen éischten Titel an der Veräinsgeschicht an der Kinneksklass vum europäesche Futtball wier, muss d’Ekipp vum Mikel Arteta fir d’éischt emol Paris Saint-Germain eliminéieren.
 
"Wann een elo natierlech d'Véierelsfinall kuckt a wann ee bedenkt, dass Arsenal den Titelverdeedeger zweemol geschloen huet, dobäi eng Kéier 3:0 an dann zu Madrid gewonnen huet, mengen ech, musse se et packen, fir zumindest d'Favoritteroll an dëser éischter Explikatioun ze hunn. Mee ech mengen, wann een awer elo déi ganz Champions League Revue passéiere léisst, ass de Match, géif ech soen, op Aenhéicht an éischter 50-50 anzeschätzen.", mengt den FLF-President Paul Philipp.
 
Inter Mailand waart zanter 15 Joer drop, e weidere Succès an der Champions League ze feieren. Nom Sprong ënnert déi lescht 4 huet d’Ekipp vum Simeone Inzaghi d’Chance, d’Coupe no laanger Zäit nees mat heem ze huelen. Onméiglech ass et net, fir Barcelona aus dem Wee ze raumen, einfach gëtt dat, dem Paul Philipp no, awer net.
 
"Barcelona ass net méi ze vergläiche mat deem Barcelona, dee mer alleguer an Erënnerung hunn zu Guardiola-Zäiten. Barcelona ass och eng Ekipp, déi e Plang B an och e Plang C huet, dat heescht, wou och direkt d'Vertikalitéit ka gesicht ginn, d'Ëmschaltsituatioun, dat hu se nach de Weekend gewisen, wéi se d'Coupe gewonnen hu géint de Real. Dat mécht déi Ekipp natierlech vill méi geféierlech, well se manner berechebar si wéi se dat Barcelona nach virun enger Partie Jore waren."
  
Berechebar sinn dës 2 Matcher och net. Virun allem ass et net evident, aus deenen zwou Affichen e Favorit ze definéieren, mengt de Paul Philipp: "Et kann ee sech ëmmer festleeën, dass déi eng besser Futtball spillen, déi aner besser organiséiert sinn. Ech mengen, et sinn zwou Halleffinallen, wou alles ka passéieren. Et däerf een net vergiessen, dass d'Decisioun an zwee Matcher fält. Am éischte Match gëtt ëmmer nach erëm dru geduecht, dass nach e Retourmatch kënnt."
 
Fir d’éischt muss awer den Allersmatch gespillt ginn an déi gesitt Dir wéi gewinnt live op RTL Zwee.