166 Athlete representéieren de Grand-Duché

Vum 26. bis den 31. Mee sinn an Andorra d'Spiller vun de klenge Länner. Lëtzebuerg wäert mat 166 Athlete vertruede sinn.
Dat an der Liichtathletik, am Basket (5x5 an 3x3), am Beach Volleyball, am Cyclissem, Turnen (akrobatesch a rhythmesch), am Judo, am Karate, am Schwammen, am Rugby, am Tennis, am Dëschtennis, am Sportschéissen an am Volleyball.
Hei fannt Dir d'Lëscht vun den Athleten.
166* Lëtzebuerger Athletinnen an Athlete gi mat an d‘Principautéit an de Pyrenäe geholl. De Laurent Carnol ass Chef de Mission vun der COSL-Delegatioun. Vun de Federatioune ginn 51 Leit mat, fir d‘Sportler ze encadréieren. Et sinn och 14 Lëtzebuerger Arbitter, respektiv Jugen am Asaz. Nieft 4 Doktere ginn och 10 Kinéë mat.
*An enger éischter Versioun vum Artikel stoung 164 Sportler a Sportlerinnen. Et sinn der um Enn awer 166.