D'Spiller vun de klenge Länner an Andorra sti virun der Dier. Mam Laurent Carnol hu mir eis iwwer d'Preparatioun an d'Ziler vun der COSL-Ekipp ënnerhalen.

E Méindeg, de 26. Mee fänken d'Spiller vun de klenge Länner an Andorra un. 166 Athleten an Athletinne vertrieden d'Lëtzebuerger Faarwen op der Plaz a versichen, sou vill ewéi méiglech Medailen ze gewannen.

De Laurent Carnol ass aktuell schonn dohannen. Hien ass de "Chef de mission" vum COSL. De fréiere Schwëmmer ka sech ganz wuel an d'Haut vun de Sportler a Sportlerinne versetzen, huet hien dach selwer laang Jore probéiert, nei Rekorder ze schwammen a Medailen ze gewannen. 

Biller aus der Karriär vum Laurent Carnol
Iwwer all déi Jore war hien e puer Mol op de Spiller vun de klengen europäesche Länner dobäi an och op d'Olympesch Spiller huet hien et gepackt.

2007 war seng éischt Participatioun u Spiller. Deemools goufe se a Monaco organiséiert. 2017 a San Marino war fir de Laurent Carnol déi lescht Editioun. "Bei Spiller vun de klenge Länner als Sportler deelzehuelen, ass e wichtege Schrëtt fir e jonken Athlet. Et ass flott, Erfarungen op engem internationale Parcours ze sammelen", sou de Laurent Carnol am RTL-Interview.

"D'Spiller vun de klenge Länner si fir vill Athleten, déi de Sprong op de ganz héijen Niveau net packen, eng Méiglechkeet, eng international Bün ze kréien. Dëst hëlleft hinnen, d'Motivatioun beim Training héich ze halen an och op déi Manéier bleiwen Trainingsgruppen interessant."

Euro Meet 2012

Am Januar 2012 war e sportlech grousse Moment fir de Laurent Carnol. Mat deemools 22 Joer konnt sech de Brasse-Spezialist fir d'Olympesch Summerspiller zu London qualifizéieren. D'Emotioune beim Euro Meet ware virun 13 Joer héich. 

2 Minutten, 11 Sekonnen a 74 Honnertstel - Dat war d'Norm, fir sech fir d'Summerspiller zu London ze qualifizéieren. An 2 Minutten, 9 Sekonnen an 78 Honnertstel huet de Laurent Carnol deemools beim Euro Meet an der Coque ugeschloen.

"Bei den Olympesche Spiller sinn déi Weltbescht dobäi. Bei de Spiller vun de klenge Länner ass d'Ekippendynamik eng ganz aner. Och wann et keen olympescht Duerf gëtt an d'Sportsanlagen net mat deene vun den Olympesche Spiller ze vergläiche sinn, hunn d'Spiller vun de klenge Länner e ganz eegene Flair". 

Andorra 2025

Lëtzebuerg schéckt eng ganz grouss Delegatioun op Andorra. Dëst well ganz vill Disziplinnen um Programm stinn. "Mir hu 5 Olympionike vu Paräis, déi mat dobäi sinn. Dat freet eis och", sou de Chef vun der COSL-Ekipp. "Och fir Top-Athleten ass et flott, bei esou Spiller matzemaachen. Si hunn eng Zort Virbildfunktioun deen Ament vis-à-vis vun deene méi jonke Sportler a Sportlerinnen. An natierlech wëlle mir eis gutt verkafen a Medaile gewannen. Si sinn awer net alles. D'Erfarung an als Ekipp zesummewuesse sinn och ganz wichteg Ziler."

Vum Sportler zum "Chef de mission"

"Als COSL hu mir eng grouss Responsabilitéit, fir am Virfeld vun de Spiller d'Qualifikatiounskrittären opzestellen, d'Selektioun ze maachen, an da gelt et d'Deplacement ze preparéieren, wou een iwwer eng Woch am Ausland ass." 

"D'Haaptobjektiv ass ëmmer, gutt Konditioune fir d'Sportler ze schafen, fir datt si gutt athletesch Leeschtunge kënnen ofruffen. Et ass een awer och ganz staark vum Organisateur ofhängeg." De Laurent Carnol ass sech sécher, dass seng Erfarungen als fréiere Sportler kënnen derzou bäidroen, gutt Konditioune fir déi haiteg Athleten ze garantéieren. 

"Kee Sport méi, wou ech naass ginn"

De Laurent Carnol ass sportlech nach ëmmer aktiv. "Ech maache selwer nach ganz vill Sport. Dat ass eng Passioun, déi mir nach ganz wichteg ass. Dat hëlleft mir, a mengem Alldag an a mengem Beruffsliewen déi néideg Balance ze hunn. Ech fuere vill Vëlo, virun allem wa schéi Wieder ass." 

Spiller vun de klenge Länner 2013 zu Lëtzebuerg 

Deemools war de Laurent Carnol och mat vun der Partie. Allerdéngs eréischt dee leschten Dag vun de Kompetitiounen. De Schwëmmer hat nach Examen op der Uni an dat hat Prioritéit. Chimie huet hien op der Loughborough Uni zu Leicestershire studéiert. "Ech hunn e klenge Regret, dass ech net déi ganzen Zäit konnt dobäi sinn. D'Ambiance war enorm an ech hoffen, dass mir 2029, wa mir d'Spiller organiséieren, eng änlech Atmosphär kënne schafen." 

Bei RTL verpasst Dir näischt vun de Spiller vun de klenge Länner an Andorra. Op Radio, Tële an Internet hale mir Iech um Lafenden. Ticker, Online-Artikelen, Fotoen an de "Journal des jeux" all Dag um Radio an op der Tëlee.

RTL

© Rene Pfeiffer