De Stater Racing a Mamer stinn an der Finall vun der Coupe des Dames

© AFP
E Mëttwochowend stoungen déi zwou Halleffinallen an der Coupe des Dames am nationale Futtball um Programm, an deene 4 Ekippen ëm d'Finall gespillt hunn.
An der éischter Halleffinall sinn d'Damme vum FC Mamer 32 op d'Damme vum FC Déifferdeng 03 getraff. D'Lokalekipp vu Mamer konnt scho relativ fréi am Match mat 1:0 a Féierung goen, mä déi Déifferdenger Damme konnten an der 82. Minutt egaliséieren. Wou sech scho jiddereen op eng Verlängerung agestallt hat, hunn déi Mamer Dammen allerdéngs nach eng Kéier zougeschloen. Esou konnt d'Bellance an der 88. Minutt den 2:1 markéieren an hir Faarwen domadder an d'Finall schéissen. Mamer setzt sech deemno mat 2:1 géint Déifferdeng duerch.
An der Finall trëfft Mamer dann op de Stater Racing. Konnten d'Damme vum WMBG, déi e Mëttwoch de kloren Aussesäiter waren, kuerz nom Téi nach a Féierung goen, esou ass hinne kuerz dorops de Jus awer ausgaangen. Esou sollten d'Damme aus dem Osten knapps 4 Minutten no hirem Gol den Ausgläich geschoss kréien. Am weidere Verlaf sollt de WMGB nach dräi weider Géigegoler kasséieren, soudatt sech den RFCUL um Enn kloer mat 4:1 géint d'Entente WMGB duerchsetze kann.
Deemno heescht d'Finall an der Coupe des Dames Mamer géint Racing.