Den Jimmie Taylor wiesselt vum Champion Etzella bei de Finalist Diddeleng

© Emile Mentz
Am nationale Basket ass et d'Nouvelle, datt den Jimmie Lee Taylor d'nächst Saison beim T71 Diddeleng an net méi bei der Etzella um Terrain stoe wäert.
Den 30-järegen Taylor ass ouni Zweiwel ee vun den Toppspiller an der Enovos League an hie konnt dës Saison mat der Etzella vun Ettelbréck de Championstitel gewannen. Mä fir hien ass et no engem Joer zu Ettelbréck elo schonn eriwwer. Fir den Taylor gëtt et nämlech e Retour op Diddeleng, wou hie scho vun 2021 bis 2023 aktiv war. Nieft dem neien Trainer, de Lëtzebuerger Christophe Ney, ass dëst mam Finn Reisdorffer, dee vu Mamer op Diddeleng wiessele wäert, schonns den drëtten neien Transfert.
Weider deelt d'Sparta vu Bartreng mat, datt de Club sech mam Lennart Holsten verstäerkt. Hie stoung d'lescht Saison beim Ofsteiger Avanti Munneref um Terrain.
Doriwwer eraus huet den AB Conter matgedeelt, datt de Miahilo Andjelkovic säi Comeback nächst Saison feiere wäert. Donieft kënnt de Lazar Lukic vu Mamer op Conter spillen.