Zwee Spilldeeg viru Schluss - Wie steigt op, wie steigt of?

Am nationale Futtball geet et an déi decisiv Phas. A verschiddenen Divisioune stinn d'Op- an Ofsteiger scho fest, an aneren ass et nach richteg spannend.
BGL Ligue
Den FC Déifferdeng ass souverän eng zweete Kéier Champion ginn. Hei war et déi ganz Saison iwwer net wierklech spannend an och am Ofstigskampf ass net esou richteg vill Spannung dran. Monnerech an d'Fola sti jo schonn als Ofsteiger fest, iwwerdeems Beetebuerg an de Barrage muss. Deemno ass et just nach d'Fro wien den zweete Barragematch spille muss. A Fro kommen nach Rodange, Wolz a Rouspert.
Éierepromotioun
An der Éierepromotioun steet zanter dem Weekend Mamer als éischten Opsteiger fest. Am Kampf ëm déi zweete Plaz an domat verbonnen den direkten Opstig an d'BGL Ligue liwwere sech Käerjeng a Biissen eng enk Course. Den Ament läit d'UNK op der zweeter Plaz, allerdéngs just ee Punkt virun der Ekipp vu Biissen.

Käerjeng wëll zeréck an d'BGL Ligue. / © Val Wagner
Och ronderëm déi véiert Plaz bleift et spannend. Hei kämpfen aktuell nach Kanech, Luxembourg City, Miersch, Walfer, Berbuerg an d'Etzella ëm eng Barrageplaz.
Sandweiler steet aktuell dann och schonn als Ofsteiger fest. Beggen als Zweetleschten ka sech nach an de Barrage retten, iwwerdeems Schëffleng a Wuermer nach eng minimal Chance hunn, den direkte Maintien ze realiséieren.
1.Divisioun, 1. Bezierk
Luerenzweiler a Mäerzeg hu sech déi ganz Saison iwwer eng spannend Course ëm den Opstig geliwwert. Elo, zwee Spilldeeg viru Schluss, huet Luerenzweiler 6 Punkten Avance op Mäerzeg. Deemno kann ee wuel dovunner ausgoen, datt den aktuelle Leader direkt opsteige wäert, iwwerdeems d'Ekipp vu Mäerzeg wuel de Barrage spille muss.
Ënnenof ass schonns kloer, datt Veianen a Stengefort ofsteigen. Zwou Ekippe mussen iwwerdeems an de Barrage. Wien do spille muss, ass awer nach net gewosst, do kommen aktuell reng rechneresch nämlech nach ganzer 8 Ekippen a Fro.
1.Divisioun, 2. Bezierk
Véier Ekippe kommen aktuell nach fir den Opstig a Fro. Bieles (64 Punkten), Schengen (61 Punkten), Gréiwemaacher (59 Punkten) a Menster (57 Punkten). Déi éischt dräi kënnen alleguerten nach den direkten Opstig realiséieren, iwwerdeems Menster nach héchsten Tabellenzweete ka ginn.

D'Ekipp vu Bieles steet aktuell op der éischter Tabelleplaz. / © Val Wagner
Bäerdref-Konsdref wäert ofsteigen, iwwerdeems Keel-Téiteng, Éilereng a Märel nach hoffen, den direkten Ofstig ze verhënneren. Mënsbech, de Pafendall an Izeg kéinten iwwerdeems nach an de Barrage rutschen.
2.Divisioun, 1. Bezierk
D'Coupe-Sensatioun Minerva Lëntgen steet schonns länger Zäit als Opsteiger fest. Nieft Lëntgen kämpfen aktuell nach Harel an d'Fiels ëm den direkten Opstig. Den Ament d'Green Boys ee Punkt virun der Fiels. Nieft deenen zwee dierft och Wëntger eng Plaz am Barrage sécher hunn.
Am Ofstigskampf ass nach näischt gekläert. Dräi Ekippe kommen a Fro: Ell (18 Punkten), Reisduerf (16 Punkten) a Colmer-Bierg (14 Punkten). Den Tabelleleschte steigt direkt of, den Zweetleschte geet an de Barrage an den Drëttleschte bleift dran.
2.Divisioun, 2. Bezierk
Koplescht an Uewerkuer stinn hei schonn als Opsteiger fest, iwwerdeems Mäertert-Waasserbëlleg (43 Punkten) a Bartreng (42 Punkten) wuel an de Barrage dierfen. Biwer (37 Punkten), Gaasperech (37 Punkten) an AS Lëtzebuerg (36 Punkten) hunn nach eng minimal Chance op de Barrage.

Bartreng hofft, d'nächst Saison eng Etage méi héich ze spillen, iwwerdeems et fir Näerzeng just nach drëms geet, de Maintien ze realiséieren.
Luna Uewerkuer huet als Tabelleleschte fënnef Punkte Retard op Näerzeng a muss deemno op e klengt Wonner hoffen, fir nach dran ze bleiwen. D'Ekipp vun Näerzeng läit iwwerdeems 4 Punkten hannert Zowaasch a 6 hannert Schuller an dierft wuel de Barrage spillen.
3.Divisioun
Buerschent an d'US Esch steigen op, Uespelt geet an de Barrage. Just am Kampf ëm déi véiert Plaz ass et nach spannend. Zwee Spilldeeg viru Schluss sinn nach Clierf (31 Punkten), Biekerech (31 Punkten) a Bruch (29 Punkten) an der Course ëm déi zweet Barrageplaz.