Vum 26. bis den 31. Mee sinn an Andorra d'Spiller vun de klenge Länner.

E Freideg den Owend huet sech d'Lëtzebuerger Delegatioun vum P&R Bouillon aus a Richtung Andorra op de Wee gemaach: Ronn 200 Membere vun der Lëtzebuerger Delegatioun opgedeelt op sechs Busser. D'Arrivée ass fir e Samschdeg de Mëtteg 15 Auer geplangt.

Net all d'Sportler an d'Sportlerinne fuere mat de Busser mat. Verschiddener, wéi zum Beispill d'Dëschtennisspiller, déi d'lescht Woch nach zu Doha op der Eenzel-WM am Asaz waren, komme mam Fliger iwwer Barcelona no.

De Grand-Duché ass bei der 20. Editioun vun de Spiller vun de klenge Länner mat enger Rekord-Delegatioun vun 165 Sportlerinnen a Sportler vertrueden. Een Athleet konnt d'Rees a Richtung Andorra net untrieden. De Vëlosfuerer Charel Meyers huet säi Start missen ofsoen, well hie vu senger Ekipp net fräigestallt ginn ass.

Klickt op d'Bild, fir op den Dossier mat Artikelen, Livestreamen, Videoen a Fotoen ze kommen.