Alex Kirsch a Magaly Meynadier droen de Lëtzebuerger Fändel

© Fernand Schmitz
Zanter e Méindeg de Mëtteg ass gewosst wien d'Éier huet, fir de Lëtzebuerger Fändel an den national Stadion zu Andorra la Vella eranzedroen.
Magaly Meynadier an Alex Kirsch heeschen d'Fändeldréier vun der Lëtzebuerger Delegatioun. D'Basketballspillerin an de Coureur hunn d'Éier, um Méindegowend de Rout-Wäiss-Bloe Fändel bei der Erëffnungsfeier vun de Spiller vun de klenge Länner an de Futtballstadion eranzedroen.
Béid Sportler sinn houfreg, vum COSL selektionéiert ginn ze sinn. Den Alex Kirsch huet dës Nouvelle en Donneschdeg vum Laurent Carnol matgedeelt kritt. D'Magaly Meynadier gouf Freidegmoies vum COSL kontaktéiert.
"Et war schwéier, kengem eppes ze verroden", esou d'Magaly Meynadier am RTL-Interview. Zanter 15 Joer spillt si fir d'Nationalekipp an ass d'Kapitänin vun dëser. Mat Saarlouis huet d'Basketballspillerin dës Saison d'Coupe an Däitschland gewonnen. Fändeldréier ze sinn, wier e schéine Präis fir hir Karriär, eppes wou si stolz drop wier, sou nach d'Lëtzebuergerin.
Och den Alex Kirsch freet sech op d'Erëffnungsfeier. Och fir hien ass et eng grousser Éier mat där hien net gerechent hat. "Ech wäert dee Moment am Stadion genéissen", sou de Vëlosproffi.
Datt de Choix vum COSL op den Alex Kirsch an d'Magaly Meynadier gefall ass, huet direkt e puer Grënn. Si hätten eng laang an erfollegräich Karriär, si géingen déi richteg Valeure representéieren, géing Leaderrollen an hiren Ekippen iwwerhuelen a wieren e Virbild fir déi méi jonk Sportler, sou de Lëtzebuerger Chef de mission Laurent Carnol.