Däitsche Medie no huet Werder Bremen den Trainer Ole Werner entlooss, nodeems dëse säi Kontrakt net verlängere wollt.

Den Ole Werner hat e Méindeg wësse gedoen, hie wéilt säi Kontrakt beim norddäitschen Traditiounsveräin net iwwer 2026 eraus verlängeren. Doropshin huet Werder Bremen de Vertrag mam 37 Joer alen Trainer elo opgeléist, heescht et op verschiddenen däitsche Medieportaler.

Virun dräi an engem hallwe Joer hat de Werner de Poste vum Cheftrainer ugeholl, als Nofollger vum Markus Anfang. Domat huet den Ole Werner zu den 10 Trainere gezielt, déi am längsten an den éischten dräi däitsche Ligen ugestallt waren. Him war deemools direkt den Opstig gelongen, a konnt dës Saison mat Bremen op der 8. Tabelleplaz ofschléissen.

Insider wëlle wëssen, dass den Horst Steffen ganz uewen op der Lëscht steet fir bei Werder de nächsten Trainer ze ginn. De 56 Joer alen Däitschen ass nach Trainer zu Elversberg, an huet do de Lëtzebuerger Raphael Duarte als Co-Trainer un senger Säit. Donieft gëtt de Steffen awer och beim 1. FC Köln als neie Mann op der Trainerbänk gehandelt.