De Lamine Yamal huet säi Kontrakt beim FC Barcelona bis 2031 verlängert, dat huet de spueneschen Champion um Dënschdeg Owend matgedeelt.

De 17 Joer jonke Spiller hat dës Saison ee groussen Undeel um Championstitel an der La Liga.

Den eigentleche Kontrakt vum Spuenier war bis 2026 gelaf, dëse gouf also ëm 5 Joer verlängert.

A senger jonker Karriär gouf hie schonns zwee mol Champion mat Barcelona an huet mat Spuenien 2024 den Europameeschtertitel gewonnen.