Virun onbestännegem Wieder hate sech ronn 500 Leit zu Käerch um Déckebierg zesummefonnt, fir sech de Barragematch tëscht Näerzeng a Biekerech unzekucken.

No 90 Minutte konnt sech zu Käerch Näerzeng mat 1:0 géint Biekerech behaapten. Domadder bleift Näerzeng an der zweeter Divisioun, wougéint Biekerech d'nächst Joer nees an der drëtter Divisioun untriede muss.

FC Näerzeng - FC Biekerech 1:0

1:0 Marques Ferreira (31')

D'Spectateure kruten eng onspektakulär, mä dofir ëmsou méi kämpferesch éischt 45 Minutten zu Käerch ze gesinn. Béid Formatiounen hu sech näischt geschenkt, si gutt an d'Zweekämpf gaangen an hu probéiert, fir de Géigner fréi ënner Drock ze setzen. Et waren awer déi Näerzenger, déi besser am Match waren an esou och méi Chancë verbuche konnten. Dëst virun allem duerch de Marques Ferreira, dee sech aus sëllege Positiounen en Häerz gefaasst an ofgezunn huet. Allerdéngs huet den Näerzenger bei senge Schëss entweder de Gol knapps verfeelt oder de Biekerecher Golkipp hat eppes dogéint. An der 31. Minutt sollt de Marques Ferreira dunn awer fir seng Méie belount ginn. Mat engem séiere Pass gouf den Näerzenger, deen och dovu profitéiert huet, datt e Biekerecher Defenseur de Ball verträntelt huet, an Zeen gesat an ass a Richtung Gol marschéiert. Am Strofraum ukomm, hat de Marques Ferreira du keng Problemer, fir de Ball flaach ënne lénks am Gol ze versenken. Déi Biekerecher sinn dogéint nëmme seele geféierlech virum Näerzenger Gol opgedaucht a wann et dann eng Kéier méi geféierlech ginn ass, dann hat de Ferreira de Sousa seng Féiss am Spill. Esou hat dësen an der 16. Minutt eng gutt Occasioun, nodeems hie vum Kappler an d'Lach geschéckt gouf. Allerdéngs konnt en Näerzenger Defenseur säi Schoss blockéieren. Awer och eng gutt Viraarbecht ass op de Kont vum Biekerecher gaangen. Mä an der 23. Minutt krut den Etinof no der Virlag vum Ferreira de Sousa keen Drock méi hannert de Ball, soudatt de Ball net a Richtung Gol gaangen, mä en nieft dem Filet ageschloen ass. No 45 Minutte stoung deemno en 1:0-Avantage fir Näerzeng um Bou, deen, op déi éischten Hallschent gekuckt, an der Rei war.

Nom Téi hate béid Formatiounen direkt an den éischten zwou Minutte jeeweils eng gutt Occasioun. Am grousse Ganzen huet awer weiderhin den FC Näerzeng den Toun uginn. Dëst virun allem duerch hir Distanzschëss, déi se monter a Richtung Farkas am Biekerecher Gol lassgelooss hunn. Dem Biekerecher Golkipp war et och ze verdanken, datt et no 51 Minutten nëmmen 1:0 fir Näerzeng stoung. Dëst nodeems dësen e Schoss vum Lopes Sanches aus dem Eck gefëscht hat. An der 61. Minutt hat de Lopes Monteiro dunn den 2:0 um Fouss léien, nodeems dëse fräi duerch war a just nach de Golkipp viru sech hat. Allerdéngs huet dësen du bewisen, datt hien e geleierten Defenseur ass an huet de Ball vëlleg fräistoend iwwert de Gol gesat. Deemno ass et beim 1:0 fir Näerzeng bliwwen. No dëser Occasioun ass de Match ofgeflaacht a béid Formatiounen hu midd gewierkt. Deementspriechend hu sech op béid Säite vill Feeler an Ongenauegkeeten ageschlach. Golchancë waren deen Ament rar geseet. Duerno gouf et just nach eng nennenswäert Golchance an déi ass op de Kont vum Silva Dos Santos Junior op Säite vun Näerzeng gaangen. Den Näerzenger ass an der 71. Minutt allerdéngs um gudde Biekerecher Golkipp Farkas hänke bliwwen, deen zwee Mol géint den Näerzenger bannent kuerzer Zäit paréiere konnt. Wuel hu béid Formatiounen doropshin nach probéiert, e Gol ze markéieren, allerdéngs war d'Kraaft bei béiden net méi do, soudatt de Match mat 1:0 fir Näerzeng op en Enn gaangen ass.