Fokus um Terrain, trotz Diskussiounen
En Donneschdeg war d’Pressekonferenz vun der Futtballfederatioun am Virfeld vun de Frëndschaftsmatcher géint Slowenien a géint Irland.
Et waren net vill méi national Medievertrieder present wéi soss op de Pressekonferenzen, obwuel am Land ganz vill diskutéiert gëtt, datt de Gerson Rodrigues selektionéiert gouf, obwuel hien Enn Abrëll an zweeter Instanz wéinst haislecher Gewalt a Kierperverletzung zu 18 Méint Prisong op Sursis schëlleg gesprach gouf.
Parallel ass jo zanter en Dënschdeg en anert ganz aktuellt Thema ganz akut an zwar d’Tatsaach, datt e Journalist vum Quotidien, an zwar de Julien Mollereau, net erwënscht war op engem Point Presse mam Nationaltrainer.
"Ech hunn eng Decisioun fir mech perséinlech geholl, dat huet elo absolut näischt domadder ze dinn, mat, datt ech iergendengem Pressefräiheet oder wat och ëmmer huelen, kann nach ëmmer jidderee schreiwen an och op enger offizieller Pressekonferenz do sinn, deen, deen do ze sinn huet, ech hu just fir mech perséinlech eng Decisioun geholl, datt ech engem Journalist keen Interview méi wëll ginn. Dat ass meng perséinlech Decisioun, well Onwourechten do verbreet gi sinn an dat ass net nëmmen eng Kéier, dat huet sech widderholl, a wann ech iergendwa mierken, datt dat fir mech perséinlech einfach net gutt ass, dann hunn ech d'Recht och, fir deem Här dann iergendeen Interview ze refuséieren."
De Luc Holtz gouf op der offizieller Pressekonferenz drop ugeschwat, wéi hien an d’Spiller mat der neier Situatioun an zwar de Konsequenze vun deem ugeschwate Point Presse ëmginn. Den Nationaltrainer huet wuel op d’Froe geäntwert, mee ass op senger Positioun bliwwen. D’Spiller schéngen net belaascht ze sinn.
De Julien Mollereau huet op der Pressekonferenz en Donneschdeg och eng ganz knapp Äntwert vum Nationaltrainer op seng Fro krut.
Op der Pressekonferenz, déi knapp eng Véierelsstonn gedauert huet, ass een net vill op de Géigner vun e Freideg agaangen. Slowenien war op der EM an hat do kee Match wärend der regulärer Spillzäit verluer, wat fir d’Qualitéite vun dëser Selektioun schwätzt.
De Kapitän Laurent Jans war mam Nationaltrainer op der Pressekonferenz an huet matgedeelt, datt intern déi Themen, déi vill am Land diskutéiert ginn, am Grupp net onbedéngt vill ugeschwat ginn.
"Ech mengen, datt ganz oft déi Theemaen net esou thematiséiert ginn, wéi Dir Iech dat vläicht virstellt, ech muss éierlech soen, datt ech perséinlech nach net ee Gespréich mat engem Spiller, deen dat perturbéiert huet oder dee bei mech komm ass, datt en dat géif stéieren. Déi aner Saach ass, mir si mëttlerweil routinéiert genuch a mir wëssen och ganz genau, wéi mer eis och vu vill Saachen ofschotten an deene Stagen, datt mer eis beschtméiglech op dat konzentréiere kënnen. An dat ass um Terrain, dat ass den Training an dat ass de Match."
Fir hie sinn d’Spiller deemno net perturbéiert vun deem, wat an den klassesche Medien, respektiv soziale Medien, publizéiert gëtt.
Zum Schluss vun der Pressekonferenz gouf matgedeelt, datt de Golkipp Anthony Moris wéinst familiäre Grënn heemgefuer ass an deemno net wäert bei den zwee Frëndschaftsmatcher dobäi sinn. Den André Barrela vu Péiteng ass nonominéiert ginn.
De Match géint Slowenien gëtt e Freideg um 19 Auer ugepaff an ass live op RTL ZWEE a via Stream ze gesinn – d’Emissioun geet um 18:55 Auer lass.