Sechs Néierlagen a siwen Dueller, nëmmen eng Victoire

© Roland Miny
En Dënschdeg den Owend spillt déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp hire leschte Frëndschaftsmatch fir dës Saison am Stade de Luxembourg.
De Géigner heescht den Owend Irland. Bis e well goufen et a siwen Dueller sechs Néierlagen. Déi eenzeg Victoire konnt d'FLF-Selektioun am Mäerz 2021 feieren. An der WM-Qualifikatioun hat de Gerson Rodrigues am Aviva Stadium zu Dublin de gëllene Gol vum Dag geschoss. Am November 2021 hu sech d'Rout Léiwen am Stade de Luxembourg 0:3 misse geschloe ginn. Am grousse Ganzen huet sech de Lëtzebuerger Kader par Rapport zum leschten Duell net groussaarteg verännert.
Vill Spiller an der Premier League
Zanter Juli d'lescht Joer ass den Heimir Hallgrímsson Trainer vun der irescher Nationalekipp. A senge bis dato néng Matcher konnt den Islänner véier Matcher an der Liga B vun der Nations League gewannen. Am Frëndschaftsmatch de leschte Freideg géint Senegal gouf et en 1:1-Remis.
"The Boys in Green", wéi déi iresch Nationalekipp och nach genannt gëtt, sinn dem Luc Holtz no een onbequeemen a physesch staarke Géigner, deen änlech staark anzeschätzen ass, wéi den éischte Géigner vun de Roude Léiwen an der WM-Qualifikatioun Nordirland.
Den Nationaltrainer Heimir Hallgrímsson kann op ee Kader mat vill Spiller aus der englescher Premier League zeréckgräifen. Déi wuel bekanntste sinn ënner anerem de Golkipp Caoimhín Kelleher vu Liverpool, déi béid Defenseuren Nathan Collins vu Brentford a Matt Doherty vu Wolverhampton oder och de Stiermer Evan Ferguson, deen dës Saison vu Brighton and Hove Albion op West Ham United ausgeléint war. De Séamus Coleman vun Everton feelt géint Lëtzebuerg blesséiert.