De jéngere Brudder vum Jude Bellingham, den Jobe, ënnerschreift ee Kontrakt vu 5 Joer beim BVB.

An Zukunft spillt nees ee Bellingham fir Borussia Dortmund. Zwar net den Jude, mee den Jobe. Wéi däitsch Medie mellen, wiesselt den 19 Joer jonke Mëttelfeldspiller fir ronn 30 Milliounen Euro vu Sunderland bei déi Giel-Schwaarz, bei deene säi Brudder Jude tëscht 2020 an 2023 gespillt huet.

Mam FC Sunderland ass den Jobe Bellingham am Opstig-Playoff dëst Joer an déi englesch Premier League opgestigen. A sengen zwee Joer beim Veräin aus dem Norde vun England huet dee jéngste Bellingham an 90 Matcher 11 Goler geschoss an huet 4 Virlage ginn.