Zu Ettelbréck an den Däichhalen huet sech d’lescht Woch d’Elite vum europäesche Billard versammelt.

Méi wéi 600 Spiller aus 30 Länner hunn um Ardennen Cup 2025 deelgeholl – dem gréisste Billard-Turnéier an Europa, wann et ëm d’Zuel vun de Participante geet. Wat d’Präisgelder ugeet, bleift d’Evenement zwar hannert anere grousse Competitiounen zeréck, mee seng sportlech Relevanz ass onbestridden.

De Billard, deen nach ëmmer oft mat verfëmmte Bistroen a Spille Romantik verbonnen ass, huet sech an de leschte Joerzéngten zu engem strukturéierte Wett Kampfsport entwéckelt. Mat Anti-Doping-Reegelen, héijer Konzentratioun a kierperlecher Presenz ass et laang net méi just e Fräizäit Spaass. Dëst huet och de Lëtzebuerger Spëtzespiller Sam Wetzel ënnerstrach, deen als 20-fache Landesmeeschter d’Faarwe vum Land vertrueden huet.

Zum Schluss konnte sech den Hollänner Yvar Saris bei den Hären an d’däitsch Spillerin Ina Kaplan bei den Dammen duerchsetzen – si huet domat schonn hir drëtt Victoire um Ardennen Cup gefeiert.