An der Nuecht op e Sonndeg huet d'Club-WM an den USA ugefaangen. Bis den 13. Juli kämpfen 32 Ekippen ëm den Titel.

Vill Musek an e Freedefeier virum Ustouss – mee keng Goler fir den Optakt: De Superstar Lionel Messi an Inter Miami sinn an d’Club-WM an den USA mat engem 0:0-Remis gestart. Géint den ägyptesche Rekordchampion Al Ahly war de Remis um Enn gerecht, och wann de Kapitän Messi am Hard Rock Stadium vu Miami bal nach fir eng Entscheedung gesuergt hat: Säi Schoss an der Nospillzäit gouf vum Al-Ahly-Golkipp Mohamed El-Shenawy un d’Lat deviéiert (90'+6).

An der éischter Hallschent hunn d’Ägypter de Rhythmus bestëmmt a si haten och déi bescht Chance vum Match: Den ägypteschen Nationalspiller Trezeguet ass mat engem Eelefmeter um Inter-Golkipp Oscar Ustari gescheitert (43'). An der zweeter Hallschent ass Inter Miami du besser ginn an huet d'Kontroll iwwerholl. De Ball wollt awer net iwwer d'Linn goen.

Fir Miami geet et en Donneschdeg am Grupp A weider. Do geet et dann zu Atlanta géint den FC Porto. Al-Ahly spillt zu East Rutherford géint Palmeiras aus Brasilien.

All d'Tabellen am Iwwerbléck