Coupegewënner Stuttgart spillt zu Braunschweig, Wehen kritt Besuch vu Bayern

© afp
Werder Bremen mam Lëtzebuerger Co-Trainer Raphael Duarte mussen op Bielefeld, déi dëst Joer nach an der Finall stoungen.
Um Wee dohinner hat Bielefeld Bremen nach geklappt.
Dortmund muss am Ruhrpott-Duell bei Rot-Weiß Essen untrieden. St. Pauli an den Danel Sinani hunn och keng wäit Rees a spillen zu Norderstedt.
De Mathias Olesen spillt mat sengem neie Veräin zu Lohne an huet domadder eng vun de méi einfachen Aufgaben. Donieft trëtt Leverkusen zu Großaspach un a Schalke däerf op Leipzig reesen, fir do géint Lokomotive ze spillen.
Déi meescht Matcher gi vum 15. bis zum 18. August gespillt. Stuttgart a Bayern spillen hier Partie réischt Enn August, well béid Ekippe virdrun nach am däitsche Supercup untrieden.
All d'Partien am Iwwerbléck
Dynamo Dresden -1. FSV Mainz 05
Arminia Bielefeld - Werder Bremen
1. FC Schweinfurt 05 - Fortuna Düsseldorf
SV Wehen Wiesbaden - Bayern München
SG Sonnenhof Großaspach - Bayer 04 Leverkusen
1. FC Saarbrücken -1. FC Magdeburg
1. FC Lokomotive Leipzig - FC Schalke 04
Bahlinger SC - 1. FC Heidenheim
Hansa Rostock - TSG 1899 Hoffenheim
Blau-Weiß Lohne - SpVgg Greuther Fürth
SV Sandhausen - RB Leipzig
Energie Cottbus - Hannover 96
FC 08 Homburg - Holstein Kiel
SSV Jahn Regensburg - 1. FC Köln
Preußen Münster - Hertha BSC
FC Gütersloh - 1. FC Union Berlin
Sportfreunde Lotte - SC Freiburg
BFC Dynamo - VfL Bochum
Eintracht Norderstedt - FC St. Pauli
VfB Lübeck - SV Darmstadt 98
FV Engers 07 - Eintracht Frankfurt
FV Illertissen - 1. FC Nürnberg
ZFC Meuselwitz - Karlsruher SC
Eintracht Braunschweig - VfB Stuttgart
Rot-Weiss Essen - Borussia Dortmund
RSV Eintracht 1949 Stahnsdorf - 1. FC Kaiserslautern FC Viktoria Köln - SC Paderborn 07
SV Atlas Delmenhorst - Bor. M'gladbach
Hallescher FC - FC Augsburg
FK Pirmasens - Hamburger SV
SV Hemelingen - VfL Wolfsburg
SSV Ulm 1846 - SV Elversberg