Fir d'Dammefuttball-EM wäert e Public Viewing vun der Stad Lëtzebuerg um Glacis organiséiert ginn. Dat huet d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer annoncéiert.

Deemno wäerten de 16., 17. an 18. Juli d’Véierelsfinallen, den 22. an 23. Juli d'Halleffinallen an de 27. Juli déi grouss Final vun der Dammefuttball-EM op engem groussen Ecran vun 28 Metercarré live iwwerdroe ginn. D'Lydie Polfer huet dës Annonce e Mëttwoch de Moien um CityBreakfast gemaach.