PSG verléiert géint Botafogo, Inter Miami wënnt géint Porto

© AFP
Iwwerraschung um 2. Spilldag an der Gruppephas. Botafogo aus Brasilien ka sech mat 2:1 géint den aktuellen Championsleague-Gewënner vu Paräis duerchsetzen.
An de Gruppen A a B war et de jeeweils zweete Spilldag. Um Donneschdeg Owend konnt sech am Grupp A Palmeiras vu Sao Paulo mat 2:0 géint Al Ahly duerchsetzen. An der Nuecht op e Freide war et den Duell tëscht Inter Miami an dem FC Porto. An der 54. Minutt huet de Lionel Messi fir d'Amerikaner den 2:1 geschoss.
Aus dem Grupp B kënnt d'Iwwerraschung. D'Brasilianer vu Botafogo kënne sech mat 1:0 géint de PSG duerchsetzen, deen de Match zwar dominéiere konnt, um Enn awer net amstand war, ze markéieren. An der zweeter Partie vum Grupp kann Atlético Madrid mat 3:1 géint d'Seattle Sounders gewannen. D'Goler fir d'Spuenier hunn de Pablo Barrios (2) an de Belsch Axel Witsel geschoss.