Barreiro a Co séchere sech géint Bayern d'Gruppevictoire

© KEVIN C. COX / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Donieft huet sech an der Nuecht op e Mëttwoch eiser Zäit och nach Chelsea fir d'K.o.-Phas vun der Futtball-Club-WM qualifizéiert.
Benfica Lissabon mam Lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro huet sech géint Bayern déi éischt Plaz am Grupp C geséchert. En Dënschdeg den Owend eiser Zäit huet sech de Veräin aus Portugal op der Club-WM mat 1:0 géint den däitsche Rekordchampion behaapt. Den decisive Gol huet den Norweger Schjelderup an der 13. Minutt markéiert. D'Bayern hate bei iwwer 35 Grad grouss Probleemer, fir an de Match ze kommen. Et huet u Passen an d'Déift, Tempo an dem néidegen Duerchsetzungsverméige géint déi an der eegener Hallschent gutt sortéiert Portugise gefeelt. An der zweeter Hallschent ass Bayern besser an de Match komm. De Kompany huet Kimmich, Olise a Kane fir Gnabry, Joao Palhinha a Bischof bruecht. D'Spill huet sech doduerch geännert an et war méi Zuch zum Gol do, ma Müller, Sané a Co. sinn ëmmer nees um Golkipp Trubin gescheitert, sou datt et beim 1:0 fir Lissabon bliwwen ass.
Fir Benfica ass et iwwerdeems am 14. Match déi éischt Victoire géint den FCB. De Barreiro huet de komplette Match duerchgespillt.
Am zweete Match am Grupp C gouf et tëscht Auckland City aus Neiséiland an de Boca Juniors aus Argentinien een 1:1-Remis. Béid Ekippe sinn eliminéiert.
Da gouf an de leschte Stonnen och nach am Grupp D gespillt, wou d'Aachtelsfinallgéigner fir Lissabon a Bayern gesicht gi sinn. Hei huet sech den FC Chelsea fir d'Aachtelsfinalle qualifizéiert. De Conference-League-Gewënner huet sech mat 3:0 (2:0) géint Esperance Tunis aus Tunesien duerchgesat an huet sech als Gruppenzweeten hannert CR Flamengo aus Brasilien den Ticket fir d'K.o.-Ronn geséchert. Hei kritt een et mat Benfica Lissabon ze sinn.
Flamengo, déi am leschte Match vun der Gruppephas 1:1 géint Los Angeles FC mam Maxime Chanot, deen déi ganzen Zäit op der Bänk souz, gespillt hunn, kritt et an der nächster Ronn mat de Bayern ze dinn. An der Véierelsfinall kéim et zum Duell mam Champions-League-Gewënner PSG oder Inter Miami mam Lionel Messi.