Bayern München steet no Victoire géint Flamengo an der Véierelsfinall
E Sonndeg den Owend krut den däitsche Rekordchampion et mat CR Flamengo vu Rio de Janeiro ze dinn.
Et war ee Match, deen trotz den héijen Temperaturen direkt mat Vollgas lassgaange war. D'Bayern hu mat héijem Pressing de Géigner viru Problemer gestallt. D'Bayern konnten dann och séier Kapital aus hire Chancë schloen a goungen an der 6. Minutt duerch e Selbstgol vum Pulgar mat 1:0 a Féierung. Nëmmen 3 Minutte méi spéit huet de Kane op 2:0 erhéicht.
Do konnt ee scho fäerten, dass et een zimmlech eesäitege Match gëtt, ma Flamengo wollt do och nach e Wiertche matschwätzen. An der 33. Minutt ass hinnen duerch e stramme Schoss vum Gerson den 1:2 gelongen.
Kuerz duerno huet de Goretzka allerdéngs den Avantage vun de Bayern nees op 3:1 ausgebaut, dat nodeems en Degagement aus der brasilianescher Defense direkt viru senge Féiss gelant ass, an hien aus gutt 20 Meter de Ball am Netz versenkt huet.
An der 2. Hallschent war et den Olise, deen nees vir Spannung gesuergt huet, well hien e Schoss mat ausgestrecktem Aarm am eegene 16 Meter gestoppt huet, wouduerch et zu engem Eelefmeter komm ass. Deen huet de Jorginho sécher fir Flamengo verwandelt.
An der 73. Minutt huet de Kane allerdéngs nees konnten op 4:2 erhéijen, wat gläichzäiteg och d'Schlussresultat war.
D'Bayern treffen elo an der Véierelsfinall op de PSG, déi mat 4:0 géint Inter Miami gewonnen haten.